Wéi geet et an den Alters- a Fleegeheemer virun? Fir d'Experte ginn et no der Impfung nees méi Méiglechkeeten, fir Fräiheeten zeréckzekréien.
"D'Impfunge wäerten och an den Altersheemer erëm méi Fräiheete bréngen an da wäerten et praktesch keng Restriktioune méi ginn", dat seet den Expert an der Virologie, de Professer Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health am RTL-Interview.
Bis Enn Mäerz goufe bal 1.900 vun de 6.400 Awunner an Awunnerinnen aus den Alters- a Fleegeheemer positiv op de Coronavirus getest. An enger Struktur gouf et kee Fall an aneren iwwer 70% vun Infizéierten. Dem Professer Muller no missten onbedéngt déi néideg Analyse gemaach ginn. Et misst een zum Beispill wëssen, wéi d'Fäll zäitlech opgetruede sinn, ob et eenzel Infektioune gouf, wou awer kee weider ugestach ginn ass, oder awer ob eng Infektioun zu engem Cluster gefouert huet. Esou kéint ee Réckschlëss op d'Effikassitéit vu Mesurë schléissen.
D'Zuel vun den Doudesaffer an de Servior Haiser weisen, datt et am Joer 2020 an den zwou Wellen zu Lëtzebuerg däitlech méi Doudesaffer gouf, wéi an den zwee Jore virdrun.

© RTL-Grafik
Ma och elo wou d'Leit an den Alters- a Fleegeheemer geimpft sinn, ginn et nach positiv Fäll oder souguer Clusteren a verschiddenen Haiser. De Professer Muller erënnert do drun, datt et bei eelere Leit méi laang dauert, bis een Impfschutz do ass. Tëscht 2 an 3 Wochen:
"Dofir dierf een dat do net notzen, fir ze soen, datt d'Impfung näischt bréngt. Dat muss richteg ënnersicht ginn. Dofir hunn ech och ëmmer gesot, datt mer dat mussen ënnersichen. Et war eng richteg Initiativ vun der Regierung an der Oppositioun, fir sech dat unzekucken, mee iergendwéi weess ech net, ob dat elo passéiert oder net."
Inacceptabel ass et fir de Claude Muller, datt nach ëmmer net dat komplett Personal geimpft ass:
"Et ass absolut noutwenneg an ech gesinn et och als onprofessionell un, datt ee sech mat 52% vu geimpfte Personal zefridde gëtt."

© RTL-Grafik
Wat d'Balance tëscht Fräiheeten a Restriktioune betrëfft, mengt de Professer Muller, datt d'Impfungen definitiv fir méi Fräiheete suerge wäerten:
"Wann 90% oder méi bannent engem Haus geimpft sinn, Personal inclus, da kann een zréckgoen op déi grouss Fräiheet."
Dem Claude Muller no misst all Haus déi eege Situatioun am Bléck hunn an op Grond dovun decidéieren, ob erëm opgemaach ka ginn oder net. International Etüden hunn op alle Fall gewisen, datt den Impfschutz och bei eelere Leit grouss ass.
Hei déi komplett Tabell mat positive Fäll an den Alters- a Fleegeheemer
| ESC | nombre de lits | résidents déclarés positifs | positifs en % par résidents |
1 | Bofferdange - SERVIOR « Am Park » | 132 | 65 | 49.2% |
2 | Rédange/Attert - Home pour personnes âgées St François | 118 | 15 | 12.7% |
3 | Belvaux - Résidence Op der Waassertrap | 120 | 27 | 22.5% |
4 | Berbourg - Haaptmann’s Schlass | 151 | 24 | 15.9% |
5 | Bertrange - Les Parcs du Troisième Âge | 133 | 66 | 49.6% |
6 | Bettembourg - An de Wisen | 146 | 19 | 13.0% |
7 | Bettembourg - Foyer Ste Elisabeth | 118 | 17 | 14.4% |
8 | Clervaux - Home pour personnes âgées St François | 115 | 11 | 9.6% |
9 | Clervaux - Résidence des Ardennes | 112 | 51 | 45.5% |
10 | Consdorf - Seniorie St Joseph | 88 | 7 | 8.0% |
11 | Contern - Seniorie Sainte Zithe Contern | 144 | 11 | 7.6% |
12 | Crauthem - Les Jardins d’Alysea | 142 | 54 | 38.0% |
13 | Diekirch - Maison de soins Sacré-Coeur | 100 | 9 | 9.0% |
14 | Diekirch - SERVIOR « Bei der Sauer » | 110 | 23 | 20.9% |
15 | Differdange - SERVIOR « Thillebierg » | 86 | 54 | 62.8% |
16 | Dudelange - SERVIOR « Grand-Duc Jean » | 207 | 65 | 31.4% |
17 | Echternach - Hospice civil Echternach | 57 | 0 | 0.0% |
18 | Echternach - SERVIOR « Am Schléeschen » | 57 | 5 | 8.8% |
19 | Echternach - SERVIOR « Belle Vue » | 73 | 18 | 24.7% |
20 | Erpeldange-sur-Sûre - Maison de Séjour et de Soins « Beim Goldknapp » | 118 | 23 | 19.5% |
21 | Esch/Alzette - Résidence Bel-Âge | 46 | 23 | 50.0% |
22 | Esch/Alzette - SERVIOR « Op der Léier » | 168 | 105 | 62.5% |
23 | Ettelbruck - Centre Pontalize | 145 | 14 | 9.7% |
24 | Grevenmacher - Home pour personnes âgées St François | 115 | 65 | 56.5% |
25 | Heisdorf - CIPA Maredoc | 141 | 31 | 22.0% |
26 | Howald - SERVIOR « Beim Klouschter » | 120 | 87 | 72.5% |
27 | Junglinster - Centre Grande-Duchesse Joséphine Charlotte | 100 | 1 | 1.0% |
28 | Kehlen - CIPA « Poetschebiirchen » | 40 | 2 | 5.0% |
29 | Luxembourg - Elysis | 133 | 2 | 1.5% |
30 | Luxembourg - Fondation J.P. Pescatore | 354 | 55 | 15.5% |
31 | Luxembourg - Home pour personnes âgées « Sacré Coeur » | 122 | 22 | 18.0% |
32 | Luxembourg - Hospice de Hamm | 193 | 65 | 33.7% |
33 | Luxembourg - Hospice du Pfaffenthal | 101 | 57 | 56.4% |
34 | Luxembourg - Sainte Elisabeth am Park | 124 | 43 | 34.7% |
35 | Luxembourg - Seniorie St Jean de la Croix | 92 | 55 | 59.8% |
36 | Luxembourg - SERVIOR « Op der Rhum » | 221 | 38 | 17.2% |
37 | Mamer - Home pour personnes âgées Mamer | 138 | 18 | 13.0% |
38 | Mersch - Home pour personnes âgées St Joseph | 125 | 19 | 15.2% |
39 | Mondorf-les-Bains - Résidence Monplaisir | 178 | 65 | 36.5% |
40 | Niederanven - CIPA « Gréngewald » | 158 | 47 | 29.7% |
41 | Niedercorn - SERVIOR « Um Lauterbann » | 154 | 107 | 69.5% |
42 | Pétange - Seniorie St Joseph Pétange | 162 | 71 | 43.8% |
43 | Remich - CIPA « Maison St Joseph » | 127 | 15 | 11.8% |
44 | Rodange - Résidence du Parc Ronnwiss | 42 | 30 | 71.4% |
45 | Rollingen - Blannenheem | 204 | 98 | 48.0% |
46 | Rumelange - SERVIOR « Roude Fiels » | 70 | 34 | 48.6% |
47 | Schifflange - Maison de soins « Am Schmëttbësch » | 103 | 52 | 50.5% |
48 | Steinfort - Hôpital Intercommunal Steinfort | 52 | 32 | 61.5% |
49 | Vianden - SERVIOR « Sanatorium » | 94 | 1 | 1.1% |
50 | Vianden - SERVIOR « Schlassbléck » | 72 | 20 | 27.8% |
51 | Wasserbillig - Maison de soins « Op Lamp » | 81 | 10 | 12.3% |
52 | Wiltz - SERVIOR Geenzebléi | 120 | 46 | 38.3% |