De Syvicol huet sech um Méindeg an der Stater Märei mat verschidden Themen aus dem Ëmweltberäich beschäftegt.

Syvicol-Comitéssëtzung - Reportage vum Claudia Kollwelter

"Wéi ass et méiglech, datt mir an Zukunft 10% méi fir d'Servicer vum CGDIS musse bezuelen?" Dat freet sech de Gemengesyndikat Syvicol, dee sech e Méindeg an der Comitéssëtzung donieft och mam Patrimoine beschäftegt huet. De Plan d'organisation des secours war awer den Dossier, dee bei de Buergermeeschteren am Meeschte fir Opreegung gesuergt huet.

D'Käschte géife permanent klammen, wat awer net virgesi war. Als Gemengepäpp géif ee sech froen, ob dat normal wier, seet de Michel Malherbe, Buergermeeschter vu Miersch, an am Syvicol zoustänneg fir d'Rettungsdéngschter. Hie stellt sech d'Fro, wéi vill Pompjeeën een iwwerhaapt am Land bräicht: "Mir sinn ongeféier 6.000 aktiv Pompjeeën. D'Amicallen sinn och do, fir de Rekrutement ze maachen, och fir d'Volontairen, an d'Amicallen musse gehollef kréien. Mee mir als Syvicol stellen d'Fro: Wéi ass et méiglech, datt mir 10% méi musse bezuelen an enger Zäit, wou de Staat eis manner Sue gëtt a mir dee Moment méi mussen ausbezuelen."

D'Organisatioun vun de Pompjeeë géif immens gutt klappen, mä: "Et huet e Coût, an deen ass bemol 10 % méi an Zäiten, wou d'Gemenge scho manner Dotatioun kritt an 10% méi muss bezuelen. Dat ass fir eis e Faass ouni Buedem."

Anere Sujet war dann de Patrimoine an do méi spezifesch de Volet vun der Archeologie. Immens Suerge mécht dem President vum Syvicol Emile Eischer déi sougenannten "Zones d'observation": "Si erfaasst quasi d'ganz Land. Am Ausland ass dat vill méi präzis. Et ginn haut Technologië wéi Laser oder Radar, mat deenen een den Ënnergrond ka präzis erfaasse kann. Mir hätten do éischter gesot, datt eng zentraliséiert an digitaliséiert Form soll gemaach ginn, déi och fir de Proprietär zougänglech ass, fir datt dee gesäit, wou wat zougänglech ass."

Et géif kee Sënn maachen, datt dat ganzt Land misst ëmgebuddelt ginn, fir e Projet kënnen ze realiséieren, betount den Emile Eicher. De vun ënnerschiddleche Kategorië schwätzt, wou definéiert gëtt, ob en absolutte Schutz oder awer guer kee néideg ass. Hie nennt e Beispill: "Wann een an enger Géigend ass, déi sensibel ass, wou ee weess, datt zum Beispill Kelten oder Réimer waren, datt de Risiko grouss ass, datt een eppes fënnt, fannen ech dat ganz an der Réi, datt een dat systematesch mécht an no engem Plang wéi ee virgeet, deen och vun der Ministesch muss definéiert ginn."

Et misst manner mee dofir besser analyséiert ginn, seet nach de President vum Syvicol, Emile Eicher.