ChômageAm Mäerz ware manner Leit wéi de Mount virdrun op der Sich no enger Aarbecht

RTL Lëtzebuerg
18.689 Leit waren den 31. Mäerz zu Lëtzebuerg am Chômage. Dat soen déi nei Zuele vum Statec.
© RTL Archiv

Dat si 787 Leit manner wéi de Mount virdrun. Et sinn awer 291 Demandeurs d’emploi méi wéi zejoert Enn Mäerz.

De Chômagetaux läit iwwerdeems bei 6,1%. Enn Februar louch dësen nach bei 6,2%. Méi wéi 10.000 Leit bezéien de komplette Chômage. 4.443 Residente waren an enger Beschäftegungsmesure, bal 8% méi wéi zejoert. Am Mäerz goufen iwwerdeems 3.910 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.

© Statec

RTL-Artikel: Den Aarbechtsminister Dan Kersch iwwer de Réckgang vum Chômagetaux

PDF: Communiqué Chiffres-clés Adem mars 2021

Back to Top
CIM LOGO