D'Zukunft vum Suessemer Schlass bleift onkloer

© RTL
Wat an Zukunft mam Suessemer Schlass geschitt, ass nach ëmmer net kloer. Dat liest een an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
Wéi d'Ministeren Tanson a Gramegna an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Baum vun déi Lénk schreiwen, géif de Staat nees Kontakt mat der Suessemer Gemeng ophuelen, fir iwwert d'Affectatioun vum Schlass ze decidéieren. D'Diskussiounen an engem kommunal-staatlech-associativen Aarbechtsgrupp hätten bis ewell zu kenge Resultater gefouert, heescht et. Geschwë sollen Deeler vum Schlass awer renovéiert an nees kënne benotzt ginn - aktuell ass de baulechen Zoustand vum Schlass éischter schlecht an en Accès net méiglech.
De Kulturministère leet fir d'Erhale vun den historeschen Maueren ëm de Schlassgaart ronn 54.000 Euro bäi.
Fir deen Zweck huet och d'Suessemer Gemeng bannent de leschte 6 Joer ronn 64.000 Euro u staatleche Subsiden kritt.
Anescht wéi zu Biertreng soll d'Suessemer Schlass net verkaf ginn, betounen d'Ministeren Tanson a Gramegna, mä villméi fir edukativ, kulturell oder administrativ Zwecker genotzt ginn.
D'Suessemer Schlass dierft op eng Waasserbuerg aus dem Joer 1270 zeréckgoen; d'aktuellt Gebailechkeeten an de Schlasspark mat senge remarkabelen ale Beem sinn awer aus dem Ufank vum 18. Joerhonnert.
Zanter 1971 ass d'Schlass als Monument klasséiert, 14 Joer drop, huet de Staat d'Proprietéit kaf, wou bis 1999 d'Fondatioun Kannerschlass dra war. Zanter 5 Joer steet d'Suessemer Schlass eidel.