Um City Breakfast ass d'Stater Gemengemamm op eng Rei Sujeten agaangen.

Et wier normal, dass d'Leit wësse wéilten, wat et kascht, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, op d'Diskussioune ronderëm d'Käschte vum Trounwiessel ugeschwat.

Eng weider Prezisioun, déi si um City Breakfast ginn huet, war, dass d’Bün um Glacis mat bal zwou Milliounen an de Budget geschloen huet. D'Decisioun, fir dës speziell Bün wier vun der Regierung, der Maison du Grand-Duc an der Stad Lëtzebuerg zesummegeholl ginn. D'Gesamtkäschte vun der Stad Lëtzebuerg ware knapp 5 Milliounen Euro.

D'Käschte vum Trounwiessel um City Breakfast / Reportage Diana Hoffmann

Vum Weekend u kënnt da lues a lues nees Chrëschtstëmmung an d’Stad. E Samschdeg geet d’Stad Lëtzebuerg den 12 Meter héijen Dännebam op Schëffleng sichen, deen d’Plëss dëst Joer wäert rëschten. Eng weider Annonce, déi d’Buergermeeschter vun der Haaptstad Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um Rendez-vous mat der Press gemaach huet, war, dass beim Neiduerfer Kierfecht e sougenannten "Tiny Forest" hikënnt, heescht 450 Beem op 150 Meterkaree. 
 
Well geschwënn Allerhellegen ass, goung dann och iwwer d’Kierfechter vun der Stad Lëtzebuerg riets. Op enger Surface vu 27 Hektar ginn et 13 Kierfechter. Zejoert waren do 670 Begriefnisser. Antëscht ass den Taux vun de Persounen, déi sech anäschere loossen, bal selwecht héich wéi dee vun deenen, déi begruewe ginn. Aus dësem Grond wier nach genuch Plaz op de Kierfechter vun der Haaptstad.