Zwee Brigange festgeholl, déi geklaute Louis-Vuitton-Sacoche bei sech haten

D'Police konnt zwee Abriecher pëtzen, déi am Verdacht stinn, nach op anere Plazen um Wierk gewiescht ze sinn. Zeie gi gesicht.
En Dënschdeg den Owend krut d'Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Strooss "Enner den Thermen" zu Schieren gemellt. Do hätten Täter versicht, an en Haus ze klammen, nodeems eng Fënster ageschloe gouf. Si goufen dobäi allerdéngs vun de Bewunner iwwerrascht. Direkt e puer Patrulle sinn op d'Plaz gefuer a konnten déi Verdächteg stellen. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass dës Brigange mat zwee weideren Abréch am Raum Angelduerf/Ierpeldeng souwéi Ettelbréck an Zesummenhang solle stoen. Et gouf dann och eng schwaarz Sacoche séchergestallt, wéi d'Police präziséiert handelt et sech ëm eng schwaarz Laptop-Posch vun der Mark Louis Vuitton.
De Proprietär vun der Sacoche oder Persounen, déi Informatiounen zu den Abréch hunn, si gebieden, sech bei der Ettelbrécker Police ze mellen um Nummer (+352) 244 84 1000 oder per E-Mail op Police.ETTELBRUCK@police.etat.lu.