Ëm eng fragil Demokratie, déi och emol kann zerbriechen, goung et en Dënschdeg an der Chamber.

80 Joer parlamentaresch Demokratie / Diana Hoffmann

Mat enger Zeremonie goufen 80 Joer parlamentaresch Demokratie gefeiert. Wärend dem Zweete Weltkrich war d’Parlament ofgeschaaft ginn. Den 21. Oktober 1945 sinn déi éischt Nationalwalen nom Enn vum Zweete Weltkrich an domat och no der däitscher Besatzung ofgehale ginn.

Et muss een net wäit siche goe fir ze gesinn, wéi séier e Regimm kann änneren. An der Lëtzebuerger Geschicht brauch ee mol keng 100 Joer zréckzekucken. Mam Ufank vum Zweete Weltkrich ass d’Demokratie Schratt fir Schratt ofgeschaaft ginn. De Chamberpresident Claude Wiseler erkläert:
 
"Dat muss net duerch e Coup geschéien. Et ass e Prozess, dee sech iwwer Jore kann hinzéien, deen de Verloscht vun eise Fräiheeten a Rechter, d’Verfollgung vun de politesche Géigner an d’Dehumaniséierung vu bestëmmte Gruppen ëmmer méi zur Banalitéit mécht. Et ass e Prozess, deen eis net onbedéngt ganz blann mécht fir dat, wat ronderëm eis geschitt, mee e gewinnt eis lues a lues un eng Situatioun, déi ëmmer méi schwiereg réckgängeg ze maachen ass."
 
Et wier e Moment fir sech ze froen, wat deemools mat der Chamber passéiert ass, a wéi d’Demokratie a just e puer Méint opgeléist gouf. Den Historiker Fabio Spirinelli, Chef vum Service d’histoire parlamentaire, seet a sengem Virtrag an der Chamber:

"Mat der Invasioun, op déi fir d’éischt eng militäresch Besatzung nokomm ass, ass eng eemoleg Situatioun entstanen, déi net vun der Verfassung virgesi gouf. D’Regierung an d’Grand-Duchesse si geflücht, d’Exekutivgewalt war domat fort. Dës Méiglechkeet war zwar an de Méint virun der Invasioun regierungsintern schonn ugeduecht ginn, allerdéngs goufe keng Instruktioune bei der Flucht iwwerlooss."
 
Déi konstitutionell Uerdnung koum esou staark ënner Drock.
 
Ëmmer nees misst ee sech drëms këmmeren, dass d’Demokratie net kéint ofgebaut ginn, sou de Claude Wiseler. Dofir misst hier Resistenz analyséiert ginn:
 
"Et geet dorëms ze kucken, wann eng gewielte Regierung eis Demokratie wéilt ofbauen, wéilt eis Demokratie schwächen. Wéi wäit eis checks and balances géinge funktionéieren. A wéi mir kéinte garantéieren, dass 5 Joer dono nach fräi a fair Walen hei zu Lëtzebuerg géinge stattfannen."
 
D’Zeremonie wier dann Deel vun engem Projet, dee sech mat der Geschicht vun der Chamber am Zweete Weltkrich befaasst. Ënner anerem ass eng Serie vun Artikelen dozou um Internetsite vun der Chamber ze fannen. Och eng Schoulklass aus dem Lycée Aline Mayrisch war bei der Zeremonie dobäi an huet virun de Menacë gewarnt, déi d’Demokratie kéinten ënnergruewen. Et war en Appell vun de Schüler, dass d’Demokratie Verantwortung fir jidderee géing bedeiten. Se wier séier fort, den Neiopbau bräicht dogéint Zäit.
 
No der Befreiung vu Lëtzebuerg hat et ee Joer gedauert, bis déi parlamentaresch Demokratie nees definitiv retabléiert war.
 
An der Chamber gouf dann en Dënschdeg och eng Erënnerungsplack devoiléiert. Dës erënnert un déi éischt Chamberwalen no der Befreiung vum Land. D’Demokratie wier eng fragil Errongenschaft, déi misst geschützt ginn, ass op der Plack ze liesen. Wou se hikënnt, gouf awer net präziséiert.