Feier an der Zockerfabrick vun der Dikrecher BrauereiEn emotionalen an historesche Verloscht

RTL Lëtzebuerg
Obwuel iwwer 100 Pompjeeë virleschte Weekend 1 ganz Nuecht mobiliséiert waren, konnt net verhënnert ginn, datt d’Gebai bis op d'Maueren niddergebrannt ass.
Feier an der Dikrecher Brauerei
En emotionalen an historesche Verloscht.

Dat klasséiert Gebai vun iwwer 150 Joer um Site vun der fréierer Brauerei op der Gare sollt an den neie Bauprojet “Dräieck Dikrech” integréiert ginn. Ob dat elo nach méiglech ass, muss nach vun den Experten entscheet ginn. Och d’Enquête vun der Police ass nach am gaangen, Brandstëftung gëtt nämlech net ausgeschloss.

Vill Dikrecher fille sech betraff, well zimmlech jiddereen huet seng ganz perséinlech Erënnerungen un dat bekannte Gebai an de Verloscht ass net just emotional, ma och historesch grouss.

Ma nach ass Hoffnung, datt op d’mannst dat, wat vun dësem architektoneschen Zäitzeie vun der Lëtzebuerger Industriegeschicht iwwereg blouf, nach kann erhale bleiwen. Weider Detailer iwwert dat grousst Feier, dat Dikrech matten am Häerz getraff huet, gesitt Dir am Video-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO