Am Luxembourg Institute of Health wëll een erausfannen, firwat Allergiker e manner héije Risk hunn, en aggressiven Gehiertumor ze kréien. An der Hoffnung. fir nei Usätz fir méi effikass Therapien ze fannen.
De Glioblastom ass ee raren, awer ganz aggressive Gehiertumor. E breet sech séier aus a gëllt als onheelbar. Den Tumor bréngt et fäerdeg, eist Immunsystem ze blocken, esou datt Traitementer a virop Immunotherapien net uschloen. Et gëtt awer Hoffnung: Allergië vun den Otemweeër, wéi Heeschnapp oder allergeschen Asthma schütze virum Glioblastom. 30% manner héich ass de Risk vun dëse Persounen, fir deen aggressive Gehiertumor ze kréien. Mam Projet “Glioma Risk and Allergy” - kuerz GRALL - erfuerscht de Luxembourg Institue of Health d’Mechanismen hannendrun.
“Alors on pense que comme les allergies, ça active le système immunitaire qui devient beaucoup plus agressif contre des substances que certaines personnes ne vont pas réagir contre. Notre hypothèse de travail est que l’allergie qui arrive avant, permet à notre système immunitaire de mieux reconnaitre et donc de défendre contre la tumeur cérébrale”, erkläert d’Aurélie Poli, Responsabel vum Projet GRALL.

Ganz besonnesch interesséieren d’Fuerscher sech fir d’Mikroglien. Dës wieren eenzegaarteg Immunzelle vum Gehier, betount den Dr Alessandro Michelucci, Responsabel vum Grupp Neuro-Immunologie am LIH. “Pendant une réaction allergique, on a découvert que ces microglies sont activés et sont en mesure de produire des substances qui vont contraster la progression de la tumeur.” Ausserdeem ginn och aner Immunzellen aus anere Kierperdeeler rekrutéiert, fir de Gehiertumor ze bekämpfen. Alles dat konnten d’Fuerscher vum LIH schonn an hire Modeller weisen.
Elo gëllt et, de Mechanismus ze verstoen, wéi d’Allergien d’Immunzelle méi effikass géint de Glioblastom maachen. Opgrond dovunner kéinten da Medikamenter, nei Immunotherapien entwéckelt ginn, déi méi effikass sinn. Vun der Grondlagefuerschung bis zur fäerdeger Therapie dierft et awer nach eng ganz Rei Joren daueren. De Projet GRALL gëtt vum Fonds National de la Recherche an der Fondation Cancer finanzéiert a leeft bis Abrëll 2028.