Méi Aggressioun an Zich?D’Zuel u gemellte Fäll geet erop – d'Gravitéit awer net

Tim Morizet
Am ëffentlechen Transport gëtt ëmmer méi dacks vu Reiwereien a Gewalt geschwat. Iwwer all d’Reseauen zesummen – also Zuch, Bus an Tram – goufen d’lescht Joer méi wéi 1.100 Aggressiounen enregistréiert.
Méi Aggressioun an Zich?
Am ëffentlechen Transport gëtt ëmmer méi dacks vu Reiwereien a Gewalt geschwat.

Dat si ronn honnert méi ewéi nach 2024. Besonnesch betraff bleift de Schinneverkéier. An den Zich eleng goufen 2025 iwwer 650 Incidenten gemellt. Déi meescht dovu si verbal Beleidegungen, mee et kënnt och zu Drohungen a vereenzelt physeschen Iwwergrëffer.

Fir vill Leit ass den Zuch en deegleche Begleeder – op d’Aarbecht, an d’Schoul oder fir heem. Mat ronn 31 Millioune Passagéier d’Joer ass d’Zuel vun de Reesender an de leschte Jore staark geklommen. Wou vill Leit beienee kommen, entstinn och méi séier Spannungen. Dat spiert och d’Zuchpersonal.

“Ech krut an d’Gesiicht an an d’Genéck gespaut. Dat ass natierlech net esou schéin.“

De Jerry ass zanter 17 Joer Zuchbegleeder bei den CFL. Fir hien ass kloer, datt d’Stëmmung sech no der Covid-Pandemie verännert hätt: „Mat muncher Persoun kann een nach ëmmer gutt schwätzen, mee et mierkt een eng kleng Tendenz, datt de Respekt e bëssen ofgeholl huet.“ Am Alldag géifen d’Mataarbechter meeschtens Klengegkeete mellen: Féiss um Sëtz, Knascht oder haart telefonéieren. Awer net all Situatioun bleift harmlos. Eng Erfarung aus dem leschte Joer bléift dem Jerry besonnesch an Erënnerung. Och well se bis viru Gericht goung: „De 6. September 2024 war et eng Aggressioun mat Späizen. Ech krut an d’Gesiicht an an d’Genéck gespaut. Dat ass natierlech net esou schéin.“

Bei den CFL gëtt all zweeten Dag eng verbal Aggressioun géint e Mataarbechter registréiert. Sou Virfäll ginn iwwert eng intern Applikatioun gemellt. Zanter 2022 ass dëse Prozess digitaliséiert ginn. Fir d’Sonja Schruppen, vun der Cellule Sûreté Voyageur, erkläert dat och d’Hausse vun de Statistiken: „Et kann ee vill méi séier e Virfall mellen. Dofir mengen ech net, datt et wierklech méi schlëmm ginn ass, mee datt einfach méi gemellt gëtt.“ Tatsächlech ass d’Zuel vun den Aarbechtsaccidenter duerch Aggressiounen d’lescht Joer liicht zeréckgaangen – op véier Fäll.

Preventioun a Konfliktmanagement gefrot

Nieft der Erfaassung vu Virfäll setzt d’CFL virun allem op Preventioun. Dozou gehéieren d’Formatioune vum Personal mat Konfliktmanagement, Deseskalatiounstraining an och Selbstverdeedegungscoursen. Ziel ass et, kritesch Situatiounen ze entschäerfen éier se eskaléieren. „Net nach weider Bensinn an d’Feier geheien,“ beschreift de Jerry säi perséinleche Prinzip am Ëmgang mat opbruechte Passagéier.

En anere wichtege Bausteen ass d’Präsenz um Terrain. D’Doris Horvath, Responsabel fir d’Sécherheet bei der CFL, schwätzt vun dräi Pilieren: Mënschlech Präsenz, Infrastruktur a Sensibiliséierung. „Zirka 15 Prozent vun eisen Zich gi begleet duerch externt Sécherheetspersonal. Dat sinn déi kritesch Zich, déi mir op Basis vun Observatioune eraussichen.“ Besonnesch op staark frequentéierte Linnen an an de spéiden Owesstonne géifen d’Patrullen ob spezifesche Strécken erhéicht ginn.

Videoiwwerwachung a “frëndlech” Gare-Infrastrukturen hëllefen

Zousätzlech spillt d’Infrastruktur eng Roll. Videoiwwerwaachung, gutt beliicht Garen an oppe Raim solle fir e bessert Sécherheetsgefill suergen. Parallel dozou lancéieren d’CFL reegelméisseg Sensibiliséierungscampagnen – dorënner den „Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport“. De Message ass kloer: Null Toleranz zur Gewalt.

Och wann d’Statistike klammen, wëllt d’CFL net wierklech vun enger Verschlechterung schwätzen. D’Digitaliséierung féiert dozou, datt méi Virfäll erfaasst ginn an doduerch méi Visibilitéit kréien. Gläichzäiteg bleift d’Erausfuerderung grouss. Sécherheet am Zuch heescht net nëmmen technesch Mesuren, mee och de richtege mënschlechen Ëmgang. Fir d’Passagéier an d’Personal soll den ëffentlechen Transport eng Plaz bleiwen, wou ee sech sécher a respektéiert fillt.

Back to Top
CIM LOGO