Bei ArcelorMittal Lëtzebuerg riskéieren iwwer 1.000 Aarbechtsplazen delokaliséiert ze ginn. De Stolkonzern verséchert, déi Zuel wier just de Perimeter vun enger Etüd.
Fir doriwwer ze schwätzen, ass de Jean-Luc de Matteis vum OGBL eisen Invité vun der Redaktioun, an et wäert och ëm hir Demande un de Premier fir eng Stoltripartite an d’Verhandlungen iwwert en LUX2030 Akkord goen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.