Franz Fayot: Et gëtt e "Verdrängungseffekt" hei am Land

© SIP JULIEN WARNAND
Dëse géing doduercher kommen, datt d’Finanzplaz éischter Leit mat héije Revenuen op Lëtzebuerg unzitt, sou de Wirtschaftsminister.
Den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot sot dat am Zesummenhang mat enger „Question élargie“ vum DP-Deputéierten André Bauler. D’Finanzplaz géing also dem Wirtschaftsminister no „jonk“ a „kreativ“ Leit zum Deel verdreiwen. Zwar géing just eng 10.000 sougenannt „atypesch Frontalieren“ ginn, also Lëtzebuerger, déi hei am Land schaffen, mee an der Grenzregioun liewen. Den Trend wier awer kloer, datt et der méi ginn.
De Franz Fayot sot et misst ee sech méi mam Thema beschäftegen am Zesummenhang mam „PIB Bien-être“, also d’Definitioun vun engem Wuesstem, deen d’Wuelbefanne vun de Leit mat a Betruecht zitt. Och d’Fro vun den CO2-Emissioune misst ee mat betruechten, sou de Minister.
De Franz Fayot huet och annoncéiert, datt de Statec deemnächst géing méi am Detail déi verschidde Facteure vum PIB Bien-être analyséieren.