D'CCDH kritiséiert d'Ausgangsspär an d'Notzung vu Schnelltester a Restauranten
© AFP
Queesch duerch d’Bänk gi Lockerunge fir méi Fräiheeten erwaart a begréisst. D'Mënscherechtskommissioun (CCDH) huet hiren Avis zum Covid-Gesetz ginn.
Datt d’Caféen a Restaurante solle vun der nächster Woch un tëscht 6 an 22 Auer däerfen opmaachen, gesäit ee positiv. Nach ëmmer awer vermësst d'CCDH eng Begrënnung fir dës Limitatioun, genau sou wéi och nach ëmmer eng Begrënnung fir d’Ausgangsspär vu Mëtternuecht u géing feelen.
Déi Etüd, op déi ee sech dofir berifft, géing soen, datt den Impakt vun enger Ausgangsspär moderat wier. Méi wichteg, fir d'Neiinfektiounen ze senken, wier d'Anhale vun de Gestes barrières.
Doriwwer eraus kritiséiert d'CCDH och, datt d’Notzung vun de Schnelltester fir e Besuch am Restaurant oder Café net kloer definéiert wier. Wou gi se gemaach oder wat ass, wann ee positiv getest gëtt? Wie mécht den Identitéit-Check, wann ee mat engem Testresultat zum Beispill aus enger Apdikt kënnt... Dës Fro ass ëmsou méi wichteg, well d’Fälsche vun sou Zertifikater eng Sanktioun virgesäit. Weider Froen, déi ee sech nach stellt, sinn, wien an Zukunft den Test wäert bezuelen? Wann et de Client ass, géing dëst nämlech zu Diskriminatiounen an der Bevëlkerung féieren.