Solidaritéitspiquet fir de Fridden am Palestina
"Free Palestina" huet et den Donneschdeg de Mëtteg um Hamilius geheescht. Ronn 300 Leit hunn do friddlech demonstréiert.
De Konflikt tëscht Israel an de Palestinenser huet sech jo déi lescht Deeg erëm zougespëtzt, et gëtt eng Eskalatioun gefaart, déi op jidder Fall muss evitéiert ginn, esou de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, deen de Solidaritéitspiquet organiséiert hat. Op der Plaz och eng Partie Leit, déi selwer Famill am Krisegebitt hunn.
Sech fir déi asetzen, déi sech net méi wiere kënnen. Dat war d'Zil vun der friddlecher Manifestatioun. Et goufen traditionell Gedichter virgelies, Geschichten an eegen Erliefnisser erzielt a sech solidaresch gewisen. De Konflikt tëscht Israel a Palestina dierft net méi ignoréiert ginn.
De Lëtzebuerger Comité, dee sech fir de Fridden am Noen Osten asetz, sprécht sech kloer géint déi radikal-islamistesch Hamas aus. Awer kéint dee Konflikt just geléist ginn, wann d'Besetzung vu Palestina ophält an och den Apartheidsstaat opgeléist gëtt.
"Palestinenser ginn an Israel an an de besetzte Gebidder als Zweet-Klass-Bierger gesinn. Obwuel ech weess net, ob ee vu Bierger schwätze kann. Et ginn zum Beispill Stroossen, déi een als Palestinenser net dierf benotzen. Haiser ginn evakuéiert, zerstéiert, well se Palestinenser gehéieren, fir Plaz ze maache fir israelesch Siidler, wat dem internationale Recht no illegal ass.", esou de Mohamed Hamdi, Coordinateur CPJPO.
Eng weider grouss Schwieregkeet beim Ëmgang mat dësem Konflikt wier déi feelend Neutralitéit vu verschidde Medien a Regierungen.
"Et gëtt a ville Medieberichter just oder haaptsächlech de Point de Vue vun Israel ageholl, wou ebe gesot gëtt, mir verdeedegen eis an dofir kënne mir retaliéieren a Gaza zerbommen. Domadder hu mir bëssen e Problem, well et verschidde Konnotatiounen, respektiv Vuë stäerkt, déi eiser Meenung no net richteg sinn.", esou nach de Mohamed Hamdi.
Och d'Palestinenser hätten e Recht op Sécherheet. E Recht, wat de Moment einfach net erfëllt wier. D'Emotioune waren den Donneschdeg de Mëtteg däitlech spierbar. "Ech misst béis sinn, ech misst rose sinn, ech misst alles sinn, well mäi Land a Gefor ass. Meng Famill ass do, meng Bom, mäi Bop, meng Monnien a meng Cousinen. Ech weess net, ob si muer villäicht schonn dout sinn. Ech weess et net. Ech weess net, wat muer do rëm wäert geschéien.", erkläert de Kamal Abufeir, ee vun den Demonstranten.