Vill lass e Sonndeg de Moien um Findel
E Sonndeg de Moien ass et um Lëtzebuerger Fluchhafen fir vill Leit an Direktioun Sonn a Plage gaangen.
E Sonndeg de Moie géint 5 Auer um Fluchhafen. Virun den Check-In-Schaltere geet et hier ewéi op engem Seechomes-Koup. Famille mat hire Kanner, jonk Koppelen oder eeler Semester. Si all si Feier a Flam fir e puer entspaanten Deeg am Ausland ze verbréngen.
Eleng e Sonndeg de Moien um 6 sinn iwwer 1.000 Leit vum Findel aus an all Himmelsrichtung an d'Vakanz geflunn. E Samschdeg waren et der 1.300. Um Päischtsonndeg gounge vun der Luxair 29 Fliger eraus.
Wärend am Check-In der Däiwel lass war, haten d'Mataarbechter vun der nationaler Fluchgesellschaft och hir Hänn voll ze dinn. Sou zum Beispill do wou déi eenzel Wallissen den Destinatiounen no triéiert ginn.
8 Boeinge stoungen e Sonndeg de Moien um Tarmac prett, fir d'Vacancieren op hir Destinatiounen ze fléien. Déi ganz Crew féiwert den nächste Wochen entgéint. Vill Leit wären am gaangen hir Summervakanz ze buchen. E positiivt Zeeche fir d'Luxair an all aner Fluchgesellschaften.
Mam Boarding waren d'Leit hirer Vakanz e Schrack méi no. Mat enger grousser Portioun Virfreed, Loscht op Sonn an der Perspektiv op Erhuelung goung et an de Fliger. Kuerz viru 6 ass de Boeing Fliger dunn op d'Pist gedréckt ginn. Palma, Djerba an ënnert anerem Rhodos goufen e Sonndeg de Moien ugeflunn. Tëscht 6 a 7 Auer sinn de Moien 9 Fliger vun der Luxair Richtung Vakanz geflunn.












D'Regierung hat jo déi sanitär Mesuren, fir mam Fliger a Lëtzebuerg dierfen anzereesen, bis den 30. Juni verlängert. All Persoun, egal vu wéi enger Nationalitéit a 6 Joer al oder méi, muss beim Landen en negatiivt Testresultat virweise kënnen. Dat op Pabeier oder digital. PCR-Tester sinn erlaabt, awer och e Schnelltest, dee bannent de leschten 72 Stonne virum Vol vun engem Labo oder soss engem autoriséierten Organ duerchgefouert gouf.
Tweet Gilles Feith
Päischtvakanz net doheem: Reest Dir a Spuenien, Italien, Portugal oder Griicheland?
Päischtvakanz net doheem: Reest Dir a Frankräich, Däitschland, Belsch, Holland, oder Éisträich?