Dir reest a Spuenien, Italien, Portugal oder Griicheland?
Wat sinn d'Reegele fir anzereesen, a wourop muss een an de jeeweilege Länner oppassen? Mir hu fir Iech d'Informatiounen zesummegefaasst.
Bei guddem Wieder op der Plage entspanen oder an d’Mier schwamme goen, dat ass an Italien ouni gréisser Aschränkunge méiglech. Och vill kulturell Aktivitéiten sinn erëm op. Italien wëll domadder den Tourismus rëm un d’Lafe kréien. De Mask, wéi och d'Distanz sinn esouwuel banne wéi bausse Flicht.
Och an Portugal kann een als Tourist vun de Schwämmen a Plagë profitéieren. Hei muss ee sech awer am Virfeld informéieren, ob nach Plaz ass. Op der Plage gëllt nämlech minimum annerhallwe Meter Ofstand zum Noper. Alkohol am ëffentlechen Raum ze konsuméieren ass, wéi och bei eis, verbueden. Ausname gëllen op den Terrassen.
Am allgemengen ginn et op de spuenesche Vakanzeninselen manner Aschränkunge wéi um Festland. Terrassë waren déi lescht Wochen schonn op, zënter dësem Sonndeg dierf dann och bannen erëm zerwéiert ginn. Ganz wichteg: A ganz Spuenien gëlt och am Fräie Maskeflicht, mat Ausnam vun der Plage: sëtzt een do op sengem Duch mat Distanz zu anere Léit, dierf een de Mask ausdoen.
Ween da gären um Schëff ënnerwee ass, kann z.B. a Griicheland eng Croisière maachen. Do kann een dann och munch Attraktiounen erëm besiche goen.
Areeesbestëmmungen
Am Géigesätz zu eisen Nopeschlänner ass eng Arees an Portugal, Spuenien souwéi Italien an Griicheland méi einfach. Et brauch ee just en negativen PCR-Test, dat dacks nëmme wann ee mam Fliger oder mam Schëff areest. Eng Quarantän ass an kengem vun dëse Länner Flicht. Ass ee scho vollstänneg geimpft, brauch een a Griicheland wéi och op Madeira keen negativen Test virzeweisen. An deene 4 Länner gefrot gëtt en ausgefëllten Arees-Formulaire, dat haaptsächlech wann een dohinner fléie wëll.
Vakanz an der Sonn ass also rëm ouni gréisseren Opwand méiglech. An awer sollt ee sech am Virfeld mat de Restriktioune befaassen, well déi sech séier ännere kënnen. Iwwert aktuell Mesuren informéieren kann ee sech ënnert anerem op ACL.lu.