Reest Dir a Frankräich, Däitschland, Belsch, Holland, oder Éisträich?
Wat sinn d'Reegele fir anzereesen, a wourop muss een an de jeeweilege Länner oppassen? Mir hu fir Iech d'Informatiounen zesummegefaasst.
No engem Joer Vakanz Doheem, fänke vill Leit un d’Flemm ze kréien. Do trëfft et sech gutt, dass Situatioun, wat de Coronavirus ugeet, sech an Europa lues a lues berouegt. Deementspriechent goufen an de leschten Wochen an Deeg d’Restriktiounen an e puer Länner méi labber, esou och an eisen Nopeschlänner a ronderëm. Wou een ënnert wei engen Konditiounen Vakanz maache kann, seet Iech d’Céline Spithoven.
A Frankräich hunn de leschten Mëttwoch fir d'éischte Kéier zanter méi wéi 6 Méint Caféen a Restauranten hir Terrassen opgemaach. Och Akafszentren, Muséeën, Kinoen an Theateren dierfen erëm Visiteuren empfänken. Wee sech dann elo fir eng Vakanz a Frankräich entscheet, muss awer um 21 Auer dobanne sinn. Vun deem Ament un huet een ouni gudde Grond näischt méi op der Strooss verluer.
Wärend Kultur- a Fräizäitaktivitéiten an der Belsch gréisstendeels méiglech sinn, bleiwen déi an Holland weider zou. A béide Länner kann een Iessen a Gedrénks awer op der Terrasse genéissen.
An Däitschland ass dat e bësse méi komplizéiert. Hei hu vill Bundeslänner verschidde Reegelen. Wärend an deenen enge Restaurante bannen a baussen rëm ka giess ginn, zerwéieren déi aner nëmmen op der Terrasse oder dierfen hir Diere guer net opmaachen. Fir ganz Däitschland gëlt awer: Soubal den Inzidenzwäert iwwert 100 klëmmt, muss alles erëm zoumaachen. D’Leit, déi e bëssen Adrenalin sichen, kënnen dann z.B. an den Europapark fueren. Do rullen d’Achterbunnen rëm zanter e Freideg.
Eriwwer an Éisträich. Hei huet d’Gastronomie den 19. Mee erëm komplett opgemaach. Et muss een awer en negative Corona-Test hunn oder schonn geimpft sinn. Eng FFP2-Mask ass weiderhin a ganz Éisträich Flicht, dat souwuel bannen, wéi och baussen, wann een déi 2 Meter Distanz net garantéiere kann.
Arees-Konditiounen
Ënnert wéi enge Konditiounen een an dës Länner reese kann, ass ënnerschiddlech. An Holland brauch een en negative PCR-Test an et muss een 10 Deeg a Quarantän. Déi selwecht Reegele gëllen och fir an d’Belsch, hei awer nëmme wann ee méi laang wei 48 Stonnen Openthalt geplangt huet. Wëll een a Frankräich reesen, brauch een en negative PCR-Test, a Quarantän muss een awer net. Dëst gëlt och fir Éisträich an Däitschland, do kann een dann amplaz vum PCR-Test och en negativen Antigen-Test virweisen.
Ass een schonn vollstänneg geimpft, ass den negativen Test an Däitschland sou wei an Éisträich net méi gefrot.
En Arees-Formulaire muss een an all dëse Länner am Virfeld ausfëllen, mat Ausnam vun Holland. Do brauch een dat net.