Schüler aus ieweschte Klasse ginn nees zesummen an d'Schoul
D'Päischtvakanz ass eriwwer an zanter e Méindeg funktionéieren alleguer d'Schoulen am Land nees normal.
Zanter engem hallwe Joer gouf et wéinst der Pandemie en A-B-System op 4ième, 3ième an 2ième. Dat heescht, dass ëmmer just d'Hallschent vun der Klass present war. Doduerch sollt och d'Zuel vu Schüler an de Busser reduzéiert ginn. Mëttlerweil huet d'epidemiologesch Lag sech fir den Educatiounsministère nees genuch verbessert, fir dës Mesuren ofzeschafen.
An der Woch virun der Vakanz goufen nach 182 Infektioune mam Coronavirus an de Schoule festgestallt, eng Baisse vu 60 par Rapport zu der Woch virdrun. Virun der Chrëschtvakanz waren et zum Beispill iwwer 600 Infektiounen an de Schoulen, virun der Ouschtervakanz nach iwwer 400.
Et war eng Situatioun, déi noutwenneg, mä net ëmmer einfach war. D'Decisioun vum Unterrecht "en alternance" wier alternativlos gewiescht, esou den Däitsch- a Philosproff Luc Wildanger aus dem Lycée Robert Schuman. Effektiv louchen d'Neiinfektiounen an der Woch virun der Chrëschtvakanz an de Schoule bei 600. Ma déi Situatioun huet sech mëttlerweil däitlech verbessert.
Ech begréissen absolut, dass eis Schüler erëm komplett kommen. Ech mengen, fir si ass dat immens wichteg, dass si e méiglechst normalen Ofschloss vun engem wierklech net normale Joer kréien, huet de Luc Wildanger ënnerstrach.
Et kéint een nämlech net doriwwer ewechkucken, wat fir Problemer den Unterrecht virum Bildschierm och fir d'Zukunft kéint mat sech bréngen, esou nach de Luc Wildanger:
Ech gesi ganz kloer, dass d'Schüler manner Struktur hunn. Si di sech méi schwéier, e strukturéierten Dagesoflaf ze hunn, well si esou vill gewinnt waren, an deem A-B-System ze fonctionéieren. Si haten am Prinzip bal e ganzt Schouljoer, wat net normal ofgelaf ass. An dat fäerten ech, wäert sech an de nächste Joren awer bei verschiddene weisen, dass si net esou organiséiert sinn an dass si net méi esou geléiert hunn. Ech denken, dass dat déi gréisste Schwieregkeet wäert ginn. Natierlech feelt och um Programm eppes, mä ech denken tatsächlech, dass éischter e strukturelle Problem optauche wäert wéi de renge Matièresproblem.
Virun allem bei de Premièresklasse vum nächste Joer mécht den Däitsch- a Philosproff sech Suergen. Do kéint een dann eventuell d'Konsequenze vun der Pandemie bemierken.
Och d'Schülerinnen a Schüler waren e Méindeg de Moie frou, dass et nees lues an d'Normalitéit zeréckgeet.
E gereegelten Alldag war mam Wiessel-Unterrecht net einfach, dat ass souwuel vun de Schüler wéi och vum Schoulpersonal ze héieren. Ob den A- a B-Grupp eng Woch op déi aner an d'Schoul geet, wéi am Lycée Robert Schuman, oder all zweeten Dag, dat war de Schoule selwer iwwerlooss. Am Lycée technique du Centre huet ee sech ebe wéinst dem méi gereegelten Oflaf fir deen zweete Modell entscheet.
Mir hunn hei eng Populatioun vu Schüler oder ganz vill, déi aus méi sozial schwaache Milieue kommen a wou mir och d'Angscht haten an och hunn, dass wa si ze laang am Homeschooling sinn hannerteneen, dann ass de Risk grouss, dass mer der vill verléieren. Dofir hu mir gesot, mir maachen en alternativen Unterrecht, dat heescht, si kommen een Dag an d'Schoul an den Dag drop bleiwe se doheem, sot den Direkter vum LTC Jean-Paul Lenertz. An dat hätt och ganz gutt geklappt.
Fir déi lescht 7 Woche Schoul kënnen dann elo all d'Schüler a Schülerinnen op den ieweschte Klassen nees an hire gewinnte Rhythmus zeréck fannen.