Dat seet d'Manette Kayser, déi zënter 2013 als Mediatrice bei der Campagne Stop Mobbing schafft.

Hirer Meenung no kéint Mobbing all Kand treffen a wier zu 80% psychologesch an 20% physesch Gewalt. Et géing ee vu Mobbing schwätzen, wa sech d'Situatioun iwwert Wochen a Méint hinzitt.

Bei der Campagne Stop Mobbing déi zënter 2018 am CDSE, dem Zenter fir sozio-emotional Entwécklung, integréiert ass, geet et ëm Sensibiliséierung an de Schoulklassen. Jeeweils 2 Mediateure ginn zesummen an eng Klass, fir mat de Kanner um Thema Mobbing ze schaffen a probéieren, d'Klasseklima ze verbesseren. Si betreien eng 70 Klassen d'Joer hei am Land. Haaptsächlech Cycle 3.2 a 4.1 an der Primärschoul. No 8 Joer, wou d'Campagne leeft, kann d'Manette Kayser soen, dass et an 1/3 vun de Fäll, wou si geruff ginn, wierklech Mobbing ass.

Mobbing hätt sech mat der Digitalisatioun verännert. Fréier wieren d'Kanner heemgaangen an dann hätte se hir Rou gehat vum Mobbing an der Schoul. Hautdesdaags géif de Mobbing och dacks no der Schoul an der Maison relais an Doheem mat Messagen um Handy an Internet weidergoen. Duerch de Cybermobbing kéimen d'Mobbingaffer ni zur Rou. Fir Schüler wier et schwéier, aus der Mobbingsituatioun erauszekommen, wa si keng Ënnerstëtzung vun Erwuessene kréien.

Interesséiert Enseignantë fannen op der Homepage vun der Campagne Informatiounen, Material an Übunge fir den Unterrecht.

Elteren, déi Froen zum Thema Erzéiung a Mobbing hunn, fanne bei der Eltereschoul vun der Fondatioun Kannerschlass an och beim Elterentraining vum CDSE.

Den 9 Juni organiséiert d'Eltereschoul vun der Fondatioun Kannerschlass e Webinar zum Thema Mobbing an der Schoul.
Gouft och Dir Affer vu Mobbing oder Gewalt? Dir kënnt Iech vertraulech un dossier@rtl.lu wenden.