UELNei Reegele fir Steiergerechtegkeet brénge wuel keng allzegrouss Ännerung

Diana Hoffmann
Eenzeg richteg Neierung an der EU wier, datt déi Daten, déi et virdru scho gouf, elo och public gemaach ginn, esou d'UEL.
© AFP

Mat neie Steiertransparenzreegele soll Steierbedruch an der EU duerch grouss Entreprisen an Zukunft méi schwéier gemaach ginn. Betraff vun den Ännerunge sinn Entreprisë mat engem Ëmsaz vun iwwer 750 Milliounen Euro. D’Reegelung wier awer eigentlech näischt wierklech Neies, seet den Direkter vun der Union des Entreprises Jean-Paul Olinger. Ma et misst awer opgepasst ginn, dat Europa um globale Marché konkurrenzfäeg bleift.

Country by country Reporting / Reportage Diana Hoffmann

No laange Jore Verhandlungen ass sech eng Delegatioun vun EU-Staaten an d’Europaparlament ugangs der Woch iwwert Reegele fir de sougenannte public Country by country reporting eens ginn. Informatioune vun Ëmsaz, Gewënn a Verloscht viru Steier an tatsächlech bezuelte Steieren op Beneficer mussen an Zukunft public gemaach ginn. Gefeiert gëtt dëst zum Deel als en Duerchbroch. Den Direkter vun der Union des Entreprises Jean-Paul Olinger gesäit déi Saach awer méi nuancéiert.

De Country by Country reporting ass jo u sech näischt Neies, dee gëtt et elo schonns säit 2016. Dat war um Niveau vun der OECD ausgehandelt ginn an do huele mëttlerweil 90 Länner drun Deel. Deen ass net public an déi Informatioune ginn da just un d’Steierverwaltungen, dat heescht un Experten am Sujet. Dat wat elo nei ass um Niveau EU, dat ass effektiv de Country by Country reporting public. Dat heescht, déi Informatioune ginn ebe lo publizéiert an da ka jiddereen dorobber zréckgräifen.

Hei wier awer opzepassen, well Informatiounen un de Publik ginn, déi komplizéiert an technesch sinn, an esou kéinte falsch interpretéiert ginn. Déi allgemeng Aktivitéit vun engem Betrib kéint nämlech net op e puer Zuele limitéiert ginn.

Wichteg ass hei, datt keng sensibel Donnéeë musse public gemaach ginn, well déi kënnen natierlech Réckschloss zouloossen op Liwwerketten, op Betribsgeheimnisser. Wat an deem dote Fall natierlech déi europäesch Betriber, déi vun dëse Reegelunge betraff sinn, géif benodeelege par Rapport zu den net europäesche Betriber.

Den Ament ass um Niveau vu der OECD an der EU eng Reform vun der internationaler Steierlandschaft amgaange mat ville Chantieren, sou de Jean-Paul Olinger. Wat Lëtzebuerg ubelaangt, misst een nach ofwaarden, wat d’Reegelung fir Auswierkunge wäert hunn:

Et ass eng zousätzlech administrativ Aufgab, déi lo net u sech selwer eng Valeure ajoutée schaaft. Entspriechend wéist ech net, firwat et e positiven Effekt hätt op d’Betriber hei am Land, mä et muss och net onbedéngt en negativen hunn.

De Sujet ass net nei, Erfarungswäerter ginn et schonn. Et bléif ze kucken, wéi déi nei Reegelungen elo op déi opbauen, déi et souwisou scho gëtt.

Back to Top
CIM LOGO