Sam TansonEng kuerzfristeg Léisung fir d'Unisec ass net a Siicht

Diana Hoffmann
D’Ministesch geet dovunner aus, dass en entspriechenden Text am Hierscht kann am Regierungsrot deposéiert ginn.
© RTL Archiv

Sam Tanson iwwert Unisec - Rep. Diana Hoffmann

D’Unité de sécurité pour mineurs déi mer hunn, ass ze kleng a war à la base schonn net esou geplangt, dass se de Besoine gerecht ka ginn, dat seet och déi gréng Justizministesch Sam Tanson. Rezent eréischt hat e Magistrat entscheet, e jonke Mann, deen en Iwwerfall mat Gewalt gemaach hat, lafen ze loossen. Dëst well an der Unisec keng Plaz méi war. Kuerzfristeg schéngt fir dëse Problem keng Léisung a Siicht ze sinn.

Den Ament ginn et 12 Plazen am Prisong fir Mineuren zu Dräibuer. Am neie Jugendstrofrecht, un deem grad geschafft gëtt, wäert och d’Kreatioun an d’Organisatioun vun neie Strukture festgehale ginn. Wisou Ännerungen noutwendeg sinn, erkläert d’Sam Tanson:

“Fir all de Situatioune gerecht ze ginn, an deenen e Jugendleche stroffälleg gëtt. Dat ass souwuel eben de Fait, dass en dernier ressort een an eng Jugendstrofanstalt kënnt, awer och déi Cas de figure, dofir ass d’Santé och do mat u Bord, wou zum Beispill psychiatresch Fäll dorënner kommen. Wou mer och eng Infrastruktur brauchen, fir deenen dann den néidege Kader ze ginn.”

Bis et esouwäit ass, kéint awer nach daueren. D’Ministesch geet dovunner aus, dass den Text am Hierscht kann am Regierungsrot deposéiert ginn. Wierklech kuerzfristeg gëtt et keng Léisung. Mannerjäreger an exzeptionelle Fäll am Prisong mat Volljäregen zu Schraasseg ënnerzebréngen, wéi dat den Ament hei am Land nach méiglech wier, soll et an Zukunft awer net méi ginn. Am neien Text wäert een dorop agoen:

“Do wäert natierlech de Prinzip festgehale ginn, dass, sou wéi mer och iwwer international Konventioune verflicht sinn, kee Mineur méi dierf op Schraasseg kommen. Dat ass awer eigentlech e Problem, deen onofhängeg ass vun der Situatioun, wéi mer se elo hei gesinn.”

Ugangs zejoert war nämlech e 17 Joer ale Stroftäter op Schraasseg an de Prisong komm, well en eng grave penal Infraktioun gemaach hat a säi Verhale sech och no 13 Méint an der Unisec net gebessert hat. Dës Reegelung weist d’Necessitéit vun adaptéierte Strukturen, hätt awer net direkt eppes domat ze dinn, dass d’Unisec ze kleng ass, seet d’Ministesch. D’Unisec wier nämlech och eigentlech net ausgeriicht, fir Stroftäter iwwer eng länger Zäit do ënnerzebréngen. Eng méi kloer Distinctioun tëscht stroffällege Jugendlechen, a Jugendlechen, deene Schutz zousteet, wier néideg, a Prisong ëmmer nëmmen als lescht Méiglechkeet ze gesinn.

Zoue Struktur fir Mannerjäreger: Unisec zu Dräibuer ass den Ament voll, Parquet gesäit Handlungsbedarf

Back to Top
CIM LOGO