
Dat fir sech mat de Reprochë géint de Moulin Dieschbourg a puncto Recyclage vu Verpackungen auserneen ze setzen. No der éischter Reunioun a Mëttwoch hat déi ganz Oppositioun Asiicht an e Bréif gefuerdert, deen d’Valorlux schonn den 21. Januar dëst Joer un d’Ëmweltverwaltung geschéckt hätt, entgéint deem, wat d’Ministesch selwer an der Kommissioun a virun der Press aussot.
D’Carole Dieschbourg war formell, bis virun e puer Deeg näischt vun de Verstéiss vun hirem fréiere Betrib a Saache Verpackung gewosst ze hunn an huet domadder och den Aussoe vum fréiere President vun der Valorlux widdersprach. Mam Moulin Dieschbourg hätt si zanter hirem Untrëtt 2013 als Regierungsmember näischt méi ze dinn a sech komplett aus dem Geschäft zréckgezunn. Dee leschte Kontakt mat Valorlux, vun deem d’Carole Dieschbourg wéisst, geet op 2013 zréck, wéi si nach op der Mille geschafft huet.
Et gouf awer schonn am Januar e Schreiwes vun der Valorlux un d’Ëmweltamt, fir drop hinzeweisen, datt Dieschbourger Millen net konform mam Verpackungsgesetz ass. Dat sot d’Ëmweltministesch en Donneschdeg a revidéiert deemno hir Aussoe vun e Mëttwoch. Dat op Drock vun der Oppositioun, déi jo an engem Bréif un de Chamberpresident Asiicht an dat Schreiwes gefrot hat, dat hiren Informatiounen no den 21. Januar un d’Verwaltung gaange wier.
Opgrond vun dësem Bréif huet d’Verwaltung nach emol gesicht an e Courrier vun 200 Säite fonnt, vum 25. Januar, mat Äntwerte vun der Valorlux zu engem Rapport vun 2019. Iergendwou do dran eng Annexe mat der Lëscht vu Betriber, déi net Member bei der Valorlux sinn an deemno och net opkomme fir d’Asammelen a Recycléiere vun den Emballagen, déi si op de Marché bréngen. Dorënner och d’Dieschbourger Millen.
D’Ministesch seet, si wier rosen iwwer d’Verwaltung, dass déi Lëscht iwwersi gouf.
Och d’Valorlux muss sech erklären, si ass e Freideg an eng Entrevue geruff, wou déi Mëssverständnesser da sollen aus de Féiss geraumt ginn.
D’Carole Dieschbourg ass e Freideg de Moien och Invité vun der Redaktioun um 8.10 Auer.
Et ass net fir d’éischt, datt sech déi gréng Politikerin mat Reprochë konfrontéiert gesäit, déi den Iechternacher Familljebetrib concernéieren. Am Kader vun der Gaardenhaischen-Affär hat d’CSV-Fraktioun de Bau vun engem Ieselstall beim Parquet denoncéiert, fir deen et hirer Meenung no keng Geneemegung ginn hätt. De Parquet konnt um Enn kee Verstouss feststellen.
RTL-Artikel: Ëmweltministesch wiert sech géint Reproche
RTL-Artikel: Zweeërlee Mooss am Ëmweltministère?