Moulin Dieschbourg stoung net op der Lëscht vun der Ëmweltverwaltung vun de Betriber, déi net konform zum Verpackungsgesetz wieren.

Valorlux Moulin Dieschbourg / Rep. Claude Zeimetz

Dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz. Virdru war si no engem Wort-Artikel vun en Dënschdeg d'Urgence vun der CSV an d'Ëmweltkommissioun vun der Chamber geruff ginn. D'Zeitung hat geschriwwen, d'Millen zu Lauterbuer géif zanter Joren d'Verpackunge vun hire Produiten net adequat traitéieren. Betriber, déi hir Produite selwer verpaken, mussen dem Gesetz no Member entweder bei der Valorlux sinn oder hiren eegene Recyclagesystem opbauen. 46 Betriber sinn der Valorlux no den Ament net konform. De Moulin Dieschbourg gehéiert, dem Ëmweltministère no, net dozou.

D'Carole Dieschbourg huet sech e Mëttwoch de Moie géint de Reproche an der Press gewiert. Si selwer hätt 2013 „e klore Cut" mat der Mille gemaach, déi si virun hirer Zäit als Ministesch geleet huet a si kéint sech weder un e Gespréich mam fréiere President vun der Valorlux Lucien Bertemes erënneren, nach wier si bis iwwert deen offizielle Wee drop opmierksam gemaach ginn, datt Moulin Dieschbourg net konform wier. D'Dieschbourgsmille wier, der grénger Ministesch no, direkt vun der Ëmweltverwaltung ugeschriwwe ginn, wéi d'Informatioun u si erugedroe gi wier.

Deem widderspriechen allerdéngs d'Oppositiounsparteien. An engem oppene Bréif un de Chamberpresident schwätzen CSV, Adr, déi Lénk an d'Pirate vun engem Bréif, deen op den 21. Januar dëst Joer datéiert wier, dee vun der Valorlux wéinst der Millen un d'Verwaltung geschéckt gi wier. D'Parteie fuerdere sou séier wéi méiglech Abléck an eng Kopie ze kréien.

De fréiere President vun der Valorlux Lucien Bertemes sengersäits bleift am RTL-Interview bei senger Versioun a widdersprécht domadder der Duerstellung vun der Ministesch.

Interview mam Claude Bertemes

Datt dat net geschitt wier, wier allerdéngs net der Ministesch ze reprochéieren, sou nach de Lucien Bertemes. Wa si net méi am Betrib gewiescht wier, hätt si näischt méi domadder ze dinn.

Fir de President vun der Ëmweltkommissioun François Benoy dogéint ass e Mëttwoch de Moien alles gesot ginn. All d'Froe wiere beäntwert ginn an et wier deemno net noutwendeg, d'Valorlux ze héieren. De gréngen Deputéierte gesäit déi aktuell Attacke viru méi groussem Hannergrond vum neien Offallgesetz.