Polizist bei Ausernanersetzung an der Stad mat Fauscht an d'Gesiicht geschloen

© Police Archivbild
Um Virowend vun Nationalfeierdag krut d'Police e puer Kläppereien an der Stad gemellt.
Wéi d'Police präziséiert war d'Majoritéit vun dëse Virfäll séier ënner Kontroll an déi meescht Mënschen hu friddlech gefeiert.
Leider sinn och Leit negativ opgefall.
Géint 2.30 Auer huet e gréisser Grupp Partyleit an der Rue du Rost hannert dem Palais ëmmer nees Policebeamte provozéiert. Wéi si du versicht hätten d'Leit ze kontrolléieren, koum et zu enger kierperlecher Konfrontatioun, bei där ee Polizist mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloe gouf.
Kuerz drop ass d'Situatioun nach ee mol eskaléiert, e puer Persoune an 2 Poliziste goufe blesséiert a koumen an d'Spidol. Géint 4 Persoune gouf et eng Plainte wéinst Rebellioun, si koumen an Arrest.
Méiglech Zeie solle sech um 113 oder bei der Police zu Esch um 244 50 1000 mellen.