30 Joer Informatioun a Berodung am Beräich Ëmwelttoxikologie
Och wann et a verschiddene Beräicher Fortschrëtter ginn, kommen awer ëmmer nees Produiten op de Maart, déi eis Gesondheet belaaschten.
Pestiziden, Schwéiermetaller, gëfteg Chemikalien, elektromagnéitesch Stralen... Nach ni huet d'Mënschheet sou en negativen Afloss op hir Ëmwelt, op d'Liewensbedingunge geholl wéi bannent de leschte 50 Joer, sou déi Responsabel vun Akut, den Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie, deen dëst Joer säin 30. Anniversaire feiert.
E Méindeg gouf virun der Press Bilan gezunn. A verschiddene Beräicher hätt et Fortschrëtter ginn. Zum Beispill sinn Faarwen haut manner toxesch. Donieft kéimen awer leider och ëmmer nees méi Saachen op de Maart, déi a klengen Dosen iwwer e gewëssenen Zäitraum ons Gesondheet belaaschten. Ee vu de Matgrënner vun Akut, de Muck Huss, kënnt zu dëser Conclusioun:
"Méi Chemikalien, déi op de Marché kommen, déi grad esou wéi et virdrun ëmmer war, wou een hannenno eréischt feststellt, wat fir eng Gesondheetsschied, Ëmweltschied a sou virun, datt se maachen. Dat ass leider nach predominant. Aus engem ganz einfache Grond: Well nach ëmmer wirtschaftlech Intressen am Virdergrond stinn. Wirtschaftswuesstem, Wirtschaftsintresse stinn am Virdergrond. A leider ass et nach ëmmer net gelongen, wierklech de Principe de précaution wierklech zur Geltung ze bréngen. Eent vun de beschte Beispiller ass elo d'5G-Problematik. Dat ass een esou e Beispill. Et misst jo fir d'éischt gekuckt ginn, wa mer déi nei Frequenzen do huelen, da misst dat jo kënne getest ginn. Op Zellen, op Déieren... Et misst getest ginn an da misst festgestallt ginn, gëtt et e Problem oder gëtt et kee Problem. Dat ass de Sënn vun engem Moratoire, iert een eppes op de Marché gehäit. Ma den Drock vun der Industrie, deen ass esou staark."
Déi Responsabel vun Akut bedaueren, datt e super Model, wéi deem vun der Ëmweltambulanz, iwwert d'Jore vun der Politik geschwächt gouf. Grad wéi de Fait, datt eng Persoun, déi ëmweltkrank gëtt, hiren Diagnostik, d'Traitement an och Sanéierungsaarbechte vu hirem Doheem selwer iwwerhuele muss. An der Zukunft soll verstäerkt op d'Preventioun gesat ginn.