Accident zu BartrengZuch kritt Auto ze paken, Automobilistin mat Schock am Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Automobilistin konnt d'Gefier nach rechtzäiteg verloossen, ier et zur Kollisioun komm ass.
© Domingos Oliveira (RTL)

Wéi d’Police matdeelt, koum et e Méindeg um 14 Auer an der Rue de Mamer zu Bartreng zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Zuch. D’Fra am Auto konnt d’Gefier nach rechtzäiteg verloossen, esou dass bei der Kollisioun keng Persoun méi am Gefier war. D’Automobilistin koum mat engem Schock an d’Spidol.

Une voiture percutée par un train à Bertrange
La circulation es trains est interrompe entre Luxembourg et Kleinbettingen.

Am belschen Zuch, deen aus Richtung Arel komm war, ware 35 Persounen. Hei gouf kee blesséiert. D’Streck selwer ass dann och zanter e Méindeg am Nomëtteg komplett gespaart an et heescht dës Plaz z’evitéieren.

Op der Plaz war de Miess- an Erkennungsdéngscht.

Back to Top
CIM LOGO