UNAIDS ass eng Uno-Agence, déi sech weltwäit fir d'Preventioun vun HIV an Aids asetzt an deene Concernéierten zur Säit steet.

En Dënschdeg de Mëtten huet de Kooperatiounsminister Franz Fayot zesumme mat der Direktesch vun UNAIDS eng nei strategesch Partnerschaft ënnerschriwwen. D'Kooperatioun tëscht der Lëtzebuerger Regierung an UNAIDS gëtt bis 2025 weidergefouert. Dëst gouf en Dënschdeg an engem Accord festgehalen.

De Franz Fayot iwwert d'Roll an d'Schwéierpunkte vu Lëtzebuerg am Kampf géint den HIV: „Lëtzebuerg ass ee wichtege Partner vun der UNAIDS, well mer en fait e stabele Finanzement gi mat Predixibilitéit, fir de Kampf géint Aids iwwert Zäit méi effikass weiderzebréngen a fir déi Krankheet ganz ze eradiquéieren, mä och, well mer verschidde Schwéierpunkten hunn am Beräich vun der Educatioun vu Jonken, vu besonnesch Fraen, iwwert eis Initiativ 'Education+', awer och iwwer eise Fokus op Westafrika an Zentralafrika, d'Sahel-Regioun, wou et ee grousse Retard gëtt, fir am Kampf géint den Aids weiderzekommen."

UNAIDS ass eng Organisatioun, déi sech nieft dem Kampf géint den Aids och géint Stigmatiséierung vun LGBTQ asetzt a vill Wäert op Educatioun an den Accès zu Gesondheetsservicer leet. Keen op der Streck ze loossen a virun allem déi vulnerabel a marginaliséiert Populatiounen an den Zentrum vum Kampf géint den Aids ze setzen, gehéiert zu hire Prioritéiten.

Hiren Objektiv ass et, bis 2030 den Aids ganz lass ze ginn. An enger éischter Etapp wëll een d'Leit aus den Entwécklungslänner sensibiliséieren, hinnen eng Impfung erméiglechen an eng méi staark Resistenz entwéckelen, mat där et erméiglecht soll ginn, méi laang mam Virus ze liewen.

Kooperatioun tëscht Regierung an UNAIDS / Rep. Chris Meisch

Wat op der Pressekonferenz och nach thematiséiert gouf, war déi finanziell Hëllef vu Lëtzebuerg. De Grand-Duché wier dat Land, wat proportionell am meeschte Sue gëtt.

„Mir hunn 2021 eng Contributioun vu 4.200.000 Euro, dovu sinn 2 Milliounen effektiv sougenannte Co-Fundings, dat heescht, dat si Suen, déi en fait komplett flexibel sinn. 1.200.000 si fir déi Thematik vum 'Catch-up-plan', wou et wierklech drëms geet, an Zentral- a Westafrika nozekommen, en fait an der Campagne géint den Aids de Retard opzefänken. 1 Millioun ass fir d'Thematik 'Gender & Aids', wou et drëms geet, effektiv besonnesch bei Fraen a jonke Meedercher eppes ze maachen a 500.000 fir déi Initiativ 'Education+'. Dat ass d'Enveloppe vun eiser Kooperatioun", erkläert de Franz Fayot.

Et géif vill Wäert op d'Educatioun vun de Bierger a virun allem vu jonke Frae geluecht ginn. Si leiden am meeschten ënnert dëser Pandemie. Mam „Catch-up-plan" soll virop West- an Zentralafrika gehollef ginn. Dat si Regioune mat grousse Retarden, wat den Accès zu Gesondheetsservicer ugeet.

D'Winnie Byanyima seet, et hätt ee souwuel eng gutt wéi eng schlecht Léier aus der Coronapandemie gezunn. Engersäits hätt ee gesinn, wéi séier et ka virugoen, wann déi ganz Welt sech zesummendeet, fir een Impfstoff z'entwéckelen. Anerersäits géing et un engem internationale Plang feelen. Individuell nationalistesch Programmer kéimen net wäit. Doduerch, datt et kee globale Plang gëtt, kéim een och net zu enger Solutioun, sou d'Direktesch vun UNAIDS.

40 Joer sinn et hier, zanter där éischter nogewisener Infektioun mat HIV. Zanterdeem si 35 Millioune Mënschen dru gestuerwen, eleng zejoert wieren et der 650.000 gewiescht. An der Tëschenzäit wieren awer ëmmerhi 75% vun deenen infizéierte Leit a Behandlung a kéinten en normaalt Liewe féieren.

Schreiwes

Visite de Winnie Byanyima, directrice exécutive de l'Onusida (06.07.2021)

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire

Franz Fayot, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, a invité le 6 juillet 2021 Winnie Byanyima, directrice exécutive de l'Onusida, à Luxembourg afin de signer un nouveau cadre de partenariat stratégique entre le Luxembourg et l'Onusida pour la période 2021-2026.

La lutte contre le VIH/sida est depuis de nombreuses années une priorité de la Coopération luxembourgeoise, qui consacre 15% de son aide publique au développement (APD) au secteur de la santé. Cette visite s'inscrit dans un contexte particulier: l'année 2021 est une année charnière pour la lutte contre le VIH/sida, étant donné qu'elle marque les 40 ans de la détection des premiers cas de sida, ainsi que les 25 ans depuis la création de l'Onusida. L'épidémie de VIH/sida reste un problème de santé publique important, d'autant plus que la pandémie à la COVID-19 a exacerbé les inégalités concernant l'accès aux soins et traitements.

L'Onusida, qui est l'instance de coordination des Nations unies en matière de VIH/sida, a adopté une nouvelle stratégie mondiale de lutte contre le VIH/sida 2021-2026, intitulée «Mettre fin aux inégalités. Mettre fin au sida. La stratégie mondiale de lutte contre le sida 2021-2026» sur laquelle s'aligne le nouveau cadre de partenariat.
En ligne avec sa politique étrangère féministe, le Luxembourg s'est engagé à soutenir l'initiative Education Plus de l'Onusida, dont l'objectif et de garantir l'éducation secondaire, un accès à une éducation sexuelle complète ainsi que l'autonomisation des adolescentes en Afrique subsaharienne, qui sont touchées de manière disproportionnée par le VIH/sida.

La visite de Winnie Byanyima a également donné lieu à une entrevue avec la commission des Affaires étrangères et européennes, de la Coopération, de l'Immigration et de l'Asile de la Chambre des députés, ainsi qu'à une entrevue avec l'eurodéputé Marc Angel en sa qualité de «Champion» de l'Onusida.