Tanja De Jager huet vun hire Funktiounen am Stater Gemengerot demissionéiert

© DP.lu
D'DP-Politikerin gëtt duerch den 41 Joer alen Affekot Mathis Prost ersat.
E personelle Changement steet am Stater Gemengerot un. RTL-Informatiounen no huet d'DP-Conseillère Tanja De Jager no 4 Joer an der Märei um Knuedler vun hire Funktiounen demissionéiert.
D'Stater Geschäftsfra war 7.-Gewielt bei de Gemengewalen 2017 an huet 14 Joer laang bei RTL Télé geschafft.
Wéi et heescht plënnert d'Madamm De Jager baussent d'Stater Gemeng.
D'DP-Politikerin gëtt duerch den 41 Joer alen Affekot Mathis Prost ersat.
RTL-Sourcen no ass de Jurist, dee fir d'SES schafft, och d'accord fir de Posten am Stater Conseil unzehuelen, wou d'DP mat 9 Conseillere vertrueden ass.
De Mathis Prost hat bei de Walen 2017 nëmme ganzer 4 Stëmme manner wéi d'Sylvia Camarda, déi zanterhier och am Conseil vertrueden ass.
De Mathis Prost war ewell fir d'DP am Stater Conseil vertrueden.