Méi deier wéi geplangtSüdspidol kritt op d'mannst weider 5 Joer Retard

Maxime Gillen
Roy Grotz
Pierre Jans
De Projet Südspidol kritt op d'mannst eng weider 5 Joer Verspéidung a gëtt sécherlech och nach e ganze Pak méi deier, wéi uganks geplangt.
Evolutioun vum Projet Südspidol
Gëschter gouf bekannt, datt de Chem sech vum Architektebüro, deen d’Spidol sollt plangen, trennt.

Dat well de Konsortium un Entreprisen, deen de Projet an d’Realitéit sollt ëmsetzen, an de leschten zwee Joer net dat geleescht huet, wat am Kontrakt mam Lëtzebuerger Bauhär festgehale gi war a well de Verwaltungsrot vum Chem dëse Kontrakt elo eesäiteg gekënnegt huet.
Et ass e Schrëtt, dee méi Schlëmmes soll verhënneren. Andeems elo e Schlussstréch ënnert d’Zesummenaarbecht mat dem Grupp HTE, mat un der Spëtzt dem Architektebüro Albert Wimmer, gezu gëtt, wëll ee weider Retarden a Budgetsdepassementer evitéieren, esou d’Explikatioun vun der Direktioun an dem Verwaltungsrot vum Chem. De Wiener Architektebüro Albert Wimmer war an der Vergaangenheet jo schonn a Verruff geroden, well e fréiere Spidolsprojet um Enn quasi duebel esou deier ginn ass, wéi uganks virgesinn. Dowéinst hat een am Kontrakt och eng Rei Sécherheete mat agebaut, wéi de President vum Verwaltungsrot, Georges Mischo, erkläert.

„Mir wousste mat wiem mir et ze dinn haten, dofir sinn esou vill Garde-fous oder Klauselen drakomm, dass mir haut net am Kalzong do stinn, dass mir elo nach kënne reagéieren a soen ‘Et geet elo duer’. Et hätt ee vläicht kënnen 2, 3 Méint oder 4 Méint méi fréi dat dote maachen. Mä mir waren als CA ëmmer erëm gewëllt awer nach weider ze fueren, well mir ëmmer geduecht hunn, de Knuet wäert sech iergendwann eng Kéier léisen an dann ass et gutt, da geet et virun.“

An obschonn ee wierklech alles drugesat hätt, dass d’Zesummenaarbecht mam Wiener Architektebüro awer nach kéint funktionéieren, wier een zur Konklusioun komm, dass de Risiko ze grouss wier, mat dësem Partner virunzefueren an deen een d’Vertraue komplett verluer hätt, esou de Generaldirekter vum CHEM, Dr René Metz.

„Déi Fro, déi mir eis gestallt hunn, war, wat ass de Risiko, wa mir net resiliéieren a wéi e Surcout kënnt do op eis zou? An do ware mir jo informéiert, wat méiglech ass, wann een aus engem Projet wéi dat do net erausklëmmt. Well do gëtt et jo leider e Beispill dofir, wat een da kann als Surcout hunn. An hei schwätze mir elo awer vun engem Surcout an enger ganz anerer Dimensioun am Klenge par Rapport dozou, wann een dat einfach gewäerde léisst. Da gëtt aus der Baach bemol e Floss an aus dem Floss weess een net wat et gëtt. An där Perspektiv, wat d’Iddi ass wat mir kéinte „verléieren“ schéngt mir awer disproportionéiert kleng par Rapport zu deem, wat mir riskéiert hätten, wa mir einfach keng Decisioun geholl hätten.“

Bis ewell wieren iwwerdeems scho 14,4 Milliounen Euro un HTE bezuelt ginn. Déi Sue wieren awer net verluer, esou déi Responsabel vum Chem. Dat well, trotz all de Problemer, schonn eng Rei wichteg Aarbechte gemaach gi wieren, op deene kéint opgebaut ginn. Elo gëtt dann och no engem neie Partner gesicht, deen de Projet an d’Realitéit kann ëmsetzen. An obschonn ee beim Chem virsiichteg ginn ass mat Pronosticken, rechent ee fréistens 2024 mam Ufank vum Chantier an deemno 2030 mat der Ouverture vum neie Südspidol.

“Trennung net ze evitéieren” esou Gesondheetsministesch

D’Santé seet, datt d’Trennung vum Wiener Architekten-Consortium ëm den Albert Wimmer net z’evitéiere gewiescht wier. Genee sou wéi et den CA vum CHEM decidéiert huet, wou och zwee Vertrieder aus dem Gesondheetsministère dra sinn, stinn d’politesch Responsabel aus der Villa Louvigny hannert der Decisioun, fir sech nei Partner fir de Bau vum Escher Südspidol ze sichen.

Natierlech gehäit dat de Projet ëm Joren zréck. An awer schéngt derwäert gewiescht ze sinn, vu d’Scheedung ze schwätzen, wéi d’Paulette Lenert zitéiert gëtt, misst alles dru gesat ginn, datt de Projet op Elsebrich Realitéit gëtt.

Interessant ze notéieren, datt de Gesondheetsministère kloer seet, datt d’Relatioun vum ausgewielte Konsortium vun Ufank u schwiereg gewiescht wier. Trotz enger Partie Relancen hätten d’Partner all Vertrauen anenee verluer.

D’Decisioun, fir de Kontrakt no laange 5 Joer opzeléisen, wier net z’evitéiere gewiescht. Amplaz 2026 Südspidol lo fréistens 2031 fir Patienten opgoen, bis ewell goufen eng 38 Milliounen engagéiert.

Trennung vun Architektebüro ass verständlech, esou Marc Spautz a Jeff Engelen

An der Santéskommissioun gouf den Deputéierten an der Gesondheetsministesch erkläert, firwat een am Projet Südspidol wëll den Architektebüro wiesselen. Dat well d’Zesummenaarbecht mat deem Büro net méi geklappt hätt an een doduerch gréisser Retarden am Projet gefaart hätt. Eng Decisioun, déi dem Adr-Deputéierte Jeff Engelen no och gerechtfäerdegt ass.

Jeff Engelen:„Ech mengen, wa kee Vertraue méi do ass tëscht deenen zwee Partner, da muss ofgebrach ginn, dat ass jo ganz kloer. Ech mengen dat kéint ee scho rechtfäerdegen. Si hu jo eng Partie Grënn ugefouert de Moien, dass do kee Vertraue méi ass. Si krute jo keng Äntwerten op eng ganz Rëtsch vu Froen. An et gouf jo scho virun engem Mount e Bréif geschriwwen, dat steet jo esou am Submissiounsgesetz, dass si dat esou musse maachen, a si kruten do keng zefriddestellend Äntwert. An den Avis favorable ass och do vun der Sous-commission, esou dass am Fong deen Dossier do warscheinlech, esou wéi ech dat aschätzen, gerecht war.“

De Jeff Engelen

Och d’CSV huet Versteesdemech fir dës Decisioun sech vum Wiener Architektebüro ze trennen. Si fille sech an hire Bedenken, déi si scho viru Jore geäussert haten, wéi dëse Büro schonn eng Kéier massiv an der Kritik stoung, confirméiert. Bei der gréisster Oppositiounspartei gleeft een awer weider un de Projet, och wann een duerno d’Mëssstänn, déi hei geschitt sinn, misst opschaffen, esou den CSV-Deputéierte Marc Spautz géintiwwer RTL.

Déi Lénk bedaueren, dass duerch dës Trennung Zäit a Geld verluer geet an hoffen, dass dëse Retard um Enn nach kann erageholl ginn. Ëmmerhi wier et en enorm wichtege Projet.

De Communiqué vum Gesondheetsministère

Les récentes évolutions du projet Südspidol (03.09.2021)
Communiqué par: ministère de la Santé

En date du 2 juillet 2021, le conseil d’administration du Centre hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) a notifié à l’association momentanée Health Team Europe ARGE Südspidol (HTE) son intention de résilier le contrat de maîtres d’œuvre intégré conclue le 10 mars 2016 en vue de la construction du futur Südspidol. La collaboration entre les deux parties a été difficile tout au long du contrat et malgré plusieurs tentatives de relance du projet sur de bonnes bases, une continuation fructueuse du projet pouvait finalement être exclue. La décision de résiliation du contrat s’est révélée inévitable dans l’intérêt public.

La décision du CA du CHEM a été prise en concertation avec le ministère de la Santé qui représente l’État luxembourgeois au sein du CA.

«Avec les responsables du CHEM nous travaillons main dans la main pour que le projet de construction du Südspidol puisse reprendre rapidement et sur de bonnes bases, afin de garantir une réalisation dans des délais rapprochés», explique la ministre de la Santé, Paulette Lenert.

Back to Top
CIM LOGO