Henri Kox: Mir musse rechtsstaatlech Prinzippie respektéieren
Déi privat Sécherheetsfirmen, déi am Garer Quartier ënnerwee sinn, sinn dem grénge Minister awer vun Ufank un en Dar am A.
Nom Etienne Schneider an dem François Bausch sicht mam Henri Kox elo schonn deen drëtte Minister nom richtege Wee, wéi d'Sécherheetsgefill op der Gare verbessert ka ginn. Wéi reagéiert de Policeminister op d’Hondsattack vun e Samschdeg?
Den Henri Kox wollt de rezenten Tëschefall ausdrécklech net kommentéieren, esou laang d'Enquête net ofgeschloss wär. Déi privat Sécherheetsfirmen, déi am Garer Quartier ënnerwee sinn, sinn dem grénge Minister awer vun Ufank un en Dar am A. An engem Rechtsstaat hätt d'Police, an nëmmen déi, fir Recht an Uerdnung ze suergen, esou den Henri Kox.
D'Police-Presence am Garer Quartier wär an de leschte Méint scho verstäerkt ginn a soll och nach weider verstäerkt ginn. Spéitst no enger grousser Rekrutements-Aktioun Ufank 2022. Mä Repressioun eleng géif net duergoen. Eleng der Police dat als Aufgab ze ginn, dat scheitert. Dat kann ech Iech haut schonn ënnerschreiwen, dass dat scheitert. D’Police eleng wäert dat doten net meeschteren! D’Police kann et nëmmen zesumme mat alleguerten, awer net andeems ee probéiert, eng zweete Police niewendrun ze stellen, déi net de rechtsstaatleche Prinzippien entsprécht, ass den Henri Kox iwwerzeegt.
D'Kriminalitéit misst dezentraliséiert ginn, seet de Minister weider. Op d'Fro, wéi esou eng Dezentralisatioun ausgesi kéint, bleift den Henri Kox eng kloer Äntwert schëlleg, verweist nëmmen op zwou Chamberdebatten.
Ëmmer erëm gi méi Iwwerwaachungskamerae gefuerdert. Esou huet d'Stater Buergermeeschtesch e Méindeg bedauert, dass där Kameraen op der Gare feele géifen. Si hätten op d'mannst bei der Opklärung vun de Faite dëse Weekend hëllefe kënnen. D'Fro un de grénge Minister, firwat hien bei Iwwerwaachungskameraen esou retizent wär, firwat Kameraen anscheinend “net säin Truc” wären: Nee! Mäin Truc ass et e rechtsstaatlech Gesetz ze maachen, wou Instanzen dra sinn an dass et net um Jugement vun engem Minister oder enge Buergermeeschter ass, fir ze decidéieren, wou eng Kamera kënnt oder net. Mir sinn an engem Rechtsstaat an de Rechtsprinzip seet, dass mir eng Rei vu Prozedure sollten anhalen, an déi hu mir mam neie Visiopol-Gesetz geschafen. An ech stinn dozou! Ech si frou, net an engem Land ze liewen, wou de Policeminister decidéiert, op een agespaart gëtt oder net”.
Rechtsstaatlech Prinzippie viru Law-and-Order-Populismus, do bleift sech den Henri Kox also trei.