No engem Video iwwert eng Hondsattack leschte Samschdeg an der Stad, deen an de sozialen Netzwierker zirkuléiert, gëtt elo e Politikum aus deem Ganzen.

Ech wäert net virun den Drogendealeren demissionéieren.“ Dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Méindeg den Owend op der Pressekonferenz iwwer de Virfall op der Stater Gare, deen zanter dem Weekend nawell héich Welle geschloen huet. E Mann, dee privat Sécherheetsbeamten aggresséiert hat, gouf jo vun engem Hond an d'Bee gebass. An dat huet d'Sécherheetsdebatt op der Stater Gare op en Neits lancéiert.

Update Stater Hondsattack / Reportage Annick Goerens

Ëmmer nees géif iwwer een „Sécherheetsgefill“ geschwat ginn, ma et wär net just e Gefill, mä Fakten, sou d'Stater Buergermeeschtesch. Si hätt an der Lescht 24 Videoe geschéckt kritt vu Leit aus dem Gare Quartier iwwer den Alldag an der Avenue de la Gare. An et hätt sech och näischt geännert un der Situatioun. Au Contraire, et wär just méi schlëmm ginn, erkläert d'Lydie Polfer.

Dat do alles mat deem Bréif, dee mir krute vu Leit, déi do wunnen, an déi souguer fäerten, fir ëffentlech ze temoignéieren. Mä déi eis et awer geschriwwen hunn, geet draus ervir, dass déi Dealer-Gruppen, an et sinn der eben e puer an dat ass an deem Geschäft üblech, dass déi ëmmer méi aggressiv ginn a versichen, d'Leit an d'Awunner an déi Leit vun eisen Sozial-Associatiounen, déi do täteg sinn, anzeschüchteren.“

Chifferen, déi ebe beleeën, dass et ëmmer méi Incidenten op der Stater Gare gëtt, konnten awer keng genannt ginn. D'Buergermeeschtesch präziséiert, dass d'Sécherheetsfirma jo eigentlech net do ass, fir d'Drogendealer ze stéieren, mä fir op de Stater Mobilier opzepassen, also dass näischt futti gemaach gëtt. Am Fall wou si aggresséiert ginn, wéi e Samschdeg den Owend, dierfen se awer natierlech reagéieren, esou de Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer

Et geet drëms, op e Problem hinzeweisen, dee mir hei hunn a wou mir als Gemeng eigentlech net d'Moyenen hunn, fir eppes dogéint ze maachen. An do mussen all d'Acteuren zesummen un engem Strang zéien. Mir maachen eisen Deel, wat de sozialen- an d'Preventiounsaarbecht ugeet, an ech mengen, dass mer do vill maachen. Mä wéi gesot, et geet eben nëmme wa mer dat all zesumme maachen an dat ass e bëssen dat, wat mer den Ament vermëssen, dass do net genuch Ënnerstëtzung kënnt vu staatlecher Säit.“  

Zanter Jore géing ee mat de Sécherheetsfirmen zesummeschaffen an déi géingen och zanter Jore mat den Hënn patrulléieren. Esou een Incident wéi dësen hätt et bis elo awer nach net ginn. Firwat den Hond säin Maulkuerf net unhat, misst d'Enquête klären. Den Agent hätt op alle Fall ausgesot, dass hien en net lassgemaach hätt, erkläert d'Lydie Polfer.

De Kontrakt vun der Sécherheetsfirma G4S leeft iwwerdeems bis den 1. November. Duerno misst ee virukucken. Ma do hätten och d'Bierger nach e Wuert matzeschwätzen. Si sollen och ëm hir Meenung gefrot ginn, sou d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Wat ass genee geschitt?

E Samschdeg den Owend gouf et eng Attack vun engem Hond vu private Sécherheetsbeamten. Op engem Video, deen awer net de ganze Virfall weist, gesäit een, wéi e Mann an der Avenue de la Gare vun engem Hond gebass gëtt. D'privat Sécherheetsbeamten hunn offensichtlech Schwieregkeeten, den Hond ze kontrolléieren, a kréien en um Video net wierklech vum Bee vum Mann fort.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat zesumme mam Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer eng Entrevue mat de Responsabele vun der Sécherheetsfirma, fir iwwer dëse Virfall ze schwätzen. Dobäi huet d'DP-Politikerin eng ganz Rei RTL-Informatioune confirméiert. Notamment, dass et virun dësem Tëschefall och schonn eng Ausernanersetzung gouf tëscht 3 Männer an e puer Mataarbechter vun Inter-Actions, déi am Kader vum Projet "A Vos Côtés" vill op der Stater Gare ënnerwee sinn. 2 vun dëse Männer goufe vun der Police festgeholl an den drëtten ass deen, deen duerno vum Hond gebass gouf.

"Den nämmlechten Owend, e Samschdeg den Owend, sinn d'Leit vun 'A Vos Côtés' laanscht de Café 'Le Périgord' gaangen an hu gesinn, dass do 2 Leit an enger Kläpperei waren an hu gesinn, dass deen een och eng Waff (e Messer) hat. An dat ass deen, deen duerno och um Buedem louch mam Hond. Si hunn dunn d'Police geruff, d'Police ass och komm an de Mann, deen duerno och an der Ausernanersetzung mat der Firma war, deen huet sech dunn zeréckgezunn, dee war dunn an de Café gaangen an d'Police huet 2 anerer matgeholl. An duerno um hallwer 11, wéi d'Firma laanschtgaangen ass, dunn hu se dunn eben déi Provokatioun gemaach, aggresséiert verbal an och physesch mat engem Stull op déi Leit ageschloen", erkläert d'Lydie Polfer.

Hondsattack Stater Gare / Rep. Annick Goerens

Eisen Informatiounen no hätt de Mann um Buedem och eng Waff (also warscheinlech dat Messer) gezunn. Eng aner Ekipp wier dofir als Verstäerkung dobäi komm. Et koum zu enger Kläpperei. Dem Hond wier et gelongen, säi Maulkuerf auszekréien an d'Déier huet den alkoholiséierte Mann an d'Been an an d'Box gebass. De blesséierte Mann koum an d'Spidol, huet sech awer do de Batti gestallt. Hien hätt wëlle fortlafen an hätt d'Beamte beleidegt an op si gespaut. Hie wier dowéinst doropshin a Passage-Arrest komm. Eng Enquête vu Police a Parquet ass dowéinst och am gaangen.

"Et gëtt fir ons ganz däitlech, dass hei Dealeren, eng Dealergrupp, hire Revéier verdeedegen. An do mat Provokatiounen a mat ganz vill Violence dat versicht hunn ze maachen. Dofir muss een elo déi Enquête ofwaarden. An ech hoffen, dass d'Police vläicht och Biller huet, ech mengen, et gëtt jo Visupol op der Gare, ech mengen, da kéinten eng ganz Réi Saache ganz séier méi kloer gesi ginn (...) Ech mengen, dass deen do Incident an och dat, wat ronderëm geschitt ass, eben och dat mam Projet 'A Vos Côtés' weist, dass d'Situatioun sech wierklech nach verschlechtert huet. A mir hunn och Bréiwer vun de Leit, déi drop hiweisen, dass eben déi Dealergruppen ëmmer méi aggressiv ginn. An hei versiche se wierklech mat allen Mëttelen hire Revéier ze verdeedegen. An dat kann net sinn. Do muss intervenéiert ginn", sou d'Lydie Polfer.

Kritik vun der Stater Oppositioun

Et gouf jo ganz staark Kritik vun der Stater Oppositioun um Asaz vu private Sécherheetsfirmen op der Gare. Soll sech dat dann elo änneren?

Nee. D'Stater Buergermeeschtesch sot, dass genee dësen Incident géing weisen, dass sech d'Drogekriminalitéit op der Stater Gare nach verschlëmmert hätt. Och den Asaz vun Hënn wier duerch dësen Incident net a Fro gestallt, sou d'Lydie Polfer. Just de concernéierten Hond géing elo mol net méi an den Asaz komme bis d'Enquête eriwwer wier.

An der Stad patrulléiere jo zanter engem gudde Joer privat Sécherheetsbeamten, fir d'Sécherheetssituatioun besonnesch am Kontext vun der Drogekriminalitéit am Grëff ze behalen. Et gouf jo och scho méi wéi eng Kéier een Debat iwwer den Asaz vun dësen Agenten. D'Stater Oppositioun war vun Ufank un dogéint.

Déi Lénk hunn e Méindeg de Moie souguer d'Demissioun vun der Buergermeeschtesch gefuerdert. Deene Lénken no misst de Kontrakt och direkt gekënnegt ginn. An déi Gréng froen, ob d'DP an d'CSV nach ëmmer der Meenung wieren, ob den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma eng gutt Iddi ass. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet eng dréngend Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugefrot.