Reaktioun op parlamentaresch Fro vu Sven Clement werft Froen op

An engem interne Mail beim 112 gëtt nawell hefteg reagéiert op dat, wat bei der parlamentarescher Fro ugeschwat gouf.
Eng op den éischten Bléck "harmlos" parlamentaresch Fro iwwert de Fonctionnement an d'berufflech Qualifikatioun vun de Leit um Standard vun 112 an 113 schéngt intern net esou gutt opgeholl ginn ze sinn.
Nodeems d'Fro un d'Ministeren Bofferding a Kox erausgaange war, koum et beim 112 zu engem interne Message, dee ka Froen vun "Intimidatioun" vum Personal opwerfen - op d'mannst gesäit dat den Auteur vun der parlamentarescher Fro, de Piraten-Deputéierten Sven Clement dëst sou.
D'Fro gouf virun 2 Deeg via de Chamberpresident un d'Ministeren Kox a Bofferding adresséiert an huet sech op 15 Punkten iwwert den Statut, d'Qualifikatiounen, den Effectif, Primmen an d'Karriären vun de Leit interesséiert déi fir den 112 an 113 am Asaz sinn - ëmmerhin Ekippen vun iwwer 100 Leit.
Froen also natierlech, déi och eng Karriär-Struktur an domat d'Paie concernéieren - an dëst schéngt nawell net ganz gutt opgeholl ginn ze sinn, well séier nodeem d'Fro gestallt gi war, en interne Mail am 112 zirkuléiert war, wouranner sech Froe gestallt ginn, wéi dann sou Interna kann no baussen kommen.
Sou heescht et an dësem Mail, deen RTL virläit, ënnert anerem wuertwiertlech:
"Ech bedaueren et awer dat Leit hei perséinlech ugegraff ginn! Dëst huet näischt méi mat Equipen gëscht ze dinn! Ech als Chef vum 112 bieden Iech all dat elo zesummen halt an en gudden Teamgeescht weist och wann dësen vun Persounen attackéiert gëtt! Wann dëst vun engem vun eis kennt mécht dat mech richteg Traureg! An ech Zielen elo op all déi aner dat mir zesummen halen!"
An och um Enn vun der Mail, wou Rieds geet "datt den 112 net duerch Carrièren oder Graden dat ginn ass, wat en elo ass, mä duerch d'Ekipp".
"Fir déi Leit wou dëst net fannen bieden ech sech eng aner Platz ze sichen wëll Majoritéit do hannen drun steet!"
Wat natierlech schonn bei muncher engem vun den 112-Leit konnt fir e komescht Gefill suergen, zemools bei de Sourcë vum Deputéierten Sven Clement, dee sech dann och ferm besuergt seet, zemools wann sou en Drock op Leit gemeet gëtt an de Soupçon vun Intimidatioun no läit.
Sven Clement: "Wéi ech dee Satz gelies hunn, ass mer de Kënn erofgefall. Fir hinzegoen an ze soen, wann et Iech net gefält, sou wéi ech dat hei geréieren, da sicht Iech eng aner Plaz. Dat geet ganz no u Mobbing an harcélement moral erun. Ech wonnere mech elo däitlech manner, firwat Leit vum CSU mer eben déi dote Froe sou gedroen hunn, well manifestement ginn et Dysfonctionnementer. Sou en Toun ass dach ganz verwonnerlech.“
An dësem Fall ass scho bal d'Äntwert op d'parlamentaresch Fro vun de Piraten zweetrangeg, mä villméi d'Aart a Weis wéi intern beim 112 mat dëser verfuer gouf. De Sven Clement verweist op e rezent Urteel.
Sven Clement: "Dat hei ass e ganz krassen Agrëff u sech an de Quelleschutz, deen duerch den Arrêt Gibéryen eréischt rezent confirméiert gouf. Et ass esou, datt Deputéierten e Quelleschutz hunn, fir wa se hir parlamentaresch Froe stellen an hir parlamentaresch Aarbecht maachen. An do kann et net sinn, datt elo e Beamten an enger Verwaltung op Basis vun enger parlamentaresch Fro ufänkt Drock ze maachen."
Duerfir fënnt de Sven Clement och d'Verhale vun engem héije Beamten an enger Verwaltung, deen op dës Manéier esou op eng parlamentaresch Fro reagéiert, ganz problematesch. Ob de Piraten-Deputéierten selwer weider Schrëtt ënnerhëlt, ass nach net gewosst, gewaart gëtt mol op d'Äntwert vun de Ministeren Kox a Bofferding.