De CGDIS mellt eng Rei Interventioune vun e Samschdeg den Owend an aus der Nuecht op e Sonndeg.

E Freideg den Owend goufe géint 19.10 Auer zwou Persoune verwonnt, wéi op der Diddelenger Autobunn zwee Gefierer net laanschtenee komm sinn. Den Accident war op der A3 op der Héicht vun der Aire de Berchem a Richtung Gaasperecher Kräiz.

Donieft hat et e Freideg den Owend och nach dräi Mol gebrannt. Zu Manternach hat e Kamäin Feier gefaangen, zu Wolz e Kannapee an zu Monnerech en Drecksbac. Op der Cloche d'Or an der Stad hat et eng Dampentwécklung an enger Wäschkiche ginn. An de véier Fäll ass keng Persoun zu Schued komm.

Eng weider Persoun gouf e Sonndeg de Moie géint 2.30 Auer blesséiert, wéi tëscht Réiser an Alzeng en Auto accidentéiert ass.