Miseler Patrimoine gëtt versteet
D'Kollektioun aus dem Éiner Wäimusée gouf an de 70er Joren opgebaut. Vill Famillen hunn deemools Exponaten zur Verfügung gestallt.
Emotional a perséinlech Géigestänn, déi elo den nächsten Donneschden bei enger Stee, déi vum Staat annoncéiert gouf, ënnert den Hummer kommen. Dat well en neit Konzept fir de Musée ausgeschafft gouf. Aus deem ale Wäimusée soll an Zukunft e „Centre Mosellan“ ginn. Al Sprëtzfässer, Wéngertsschéieren a Drauwemillen leien hei – e Stéck Miseler Patrimoine. Maschinnen, déi d'Liewen an d'Aarbecht vun de viregte Generatioune weisen, an déi och esou munch engem seng Grousselteren villäicht deemools dem Musée geschenkt hunn. Et wier awer ni en Inventaire gemaach ginn, erkläert den Tourismusminister Lex Delles, dofir wier et elo net méiglech, déi Objeten all zeréck ze ginn. Verschidde Leit hätte sech awer schonns gemellt a wieren hir Saachen am Virfeld siche komm. Et hätt een och mat anere Musée gekuckt, ob si eventuell u verschiddenen Objeten interesséiert wieren.
Alles wat zu de Gebailechkeeten gehéiert, géif zu Éinen bleiwen. Aner Exponater wiere schonns an d'Possenhaus op Bech-Maacher geplënnert, esou de President vun der Entente touristique de la moselle Léon Gloden. Wann no der Stee nach villes géif iwwreg bleiwen, da géif ee kucken, fir et soss iergendwéi ze verschaffen. Déi eng oder aner Gemenge wieren och scho kucke komm, fir Objeten ze steeën. Natierlech géifen all déi Exponater, déi an d'Konzept vum neie Centre Mosellan passen zu Éinen bleiwen. Vun deenen Objeten, wou een der virdru beispillsweis 7 Stéck hat, géif een der herno just nach een oder zwee ausstellen.
Mam neie Centre Mosellan sollen d’Leit vill méi eng Upak a Saache Wäin a Wënzeraarbecht hunn an d'Miseler Liewen op eng interaktiv Aart a Weis kenne léieren. Eng sëllege Leit waren d'Exponaten dann och iwwert de Weekend kucken, dorënner och de Laurent Müller, deen extra wéinst enger aler Kachmaschinn vun Diddeleng erof koum. Hie kéint sech un déi vun der Boma erënneren. Als Kand hätt een dat virdrun net esou appreciéiert, mä hie géif elo awer drun hänken. E klengt Gaardenhaischen hannert dem Haus soll renovéiert ginn. Do géif d'Kachmaschinn gutt passen an och nees e bëssen un déi al Zäiten bei de Grousselteren erënneren, erkläert den Diddelenger.
Déi al Gebailechkeete vum Musée solle weider bestoe bleiwen. Do dobäi kënnt en neien Ubau, mat ënnert anerem enger klenger Brasserie an engem Raum, wou Familljefeiere kënne gehale ginn. Bis datt deen neien Zenter steet, kéint et awer nach daueren. Virun 2024 wier net domadder ze rechnen, esou nach de Léon Gloden.