Kollektivvertragsverhandlunge mat SNCT ouni Resultat op en Enn komm
                    © Andy Brücker
8 Méint laang huet d'Gewerkschaft mat der Société Nationale de Contrôle Technique verhandelt, dat awer ouni Resultat. Elo geet et op d'Conciliatioun.
Den OGBL kritiséiert an engem Schreiwes, datt d'Entreprise trotz hire grousse Gewënner iwwer 1 Millioun Euro 2019 a bal eng Millioun 2020 der Meenung wier, datt hir Mataarbechter genuch géife verdéngen. Dobäi gouf et déi lescht Hausse vun de Paien 2012.
An där Zäit wier de Mindestloun awer scho an d'Luucht ginn, ma d'Paie vun de Mataarbechter vun der SNCT wieren do net ugepasst ginn. Dowéinst wier d'Gewerkschaft och der Meenung, datt een d'Paien an der Entreprise misst ëm 20 Prozent eropsetzen, fir datt den Avantage vis-à-vis vum Mindestloun net géif ewechfalen. D'Direktioun wollt awer net mat op dee Wee goen an ass bei hirer Positioun bliwwen.
Wärend de Verhandlungen hu si souguer hir komplett Positioun gewiesselt an haten annoncéiert, datt ee net géif weiderverhandele bis och mat de Konkurrente vun der Luerenzweiler Kontrollstatioun a bei der Dekra e sektorielle Kollektivvertrag, deen also fir déi dräi Acteure géif gëllen, ausgehandelt wier, esou d'Gewerkschaft. Do kritiséiert den OGBL, datt d'Direktioun vun der SNCT hir Positioun vun aneren Acteuren am Secteur géif ofhängeg maachen. Mat den aneren Entreprisë wier den OGBL schonn a Kontakt getrueden, ma et géif daueren, bis een hei eppes op d'Bee gestallt huet, schreift d'Gewerkschaft weider.
Dem OGBL no wieren déi zwee genannten Acteuren awer dorunner net interesséiert, an hiren Ae wier d'SNCT eng deloyal Konkurrenz, sou den OGBL.
Déi éischt Reunioun op der Conciliatioun ass den 18. Oktober.