Frank Engel vs CSV-Frëndeskrees: "Fraktioun huet Drock gemaach"
Hat den Aarbechtsvertrag vun der ASBL CSV-Frëndeskrees mam Frank Engel eng legal Basis oder net?
En Avis juridique, deen RTL virläit, huet dëst an Zweiwel gezunn, wouropshin de Frank Engel am Mäerz vun Deputéierte beim Parquet denoncéiert ginn ass. De Prozess huet en Dënschdeg de Moien ugefaangen.
De Frank Engel hätt als President vun der ASBL CSV-Frëndeskrees d’Missioun gehat, en neien Immeuble fir d’CSV ze sichen, an aus der ASBL eng Stëftung ze maachen. Doriwwer war ee sech am Conseil vum Frëndeskrees an enger Reunioun eens. Och, dass en dofir sollt eng finanziell Remuneratioun kréien. Schliisslech wieren dëst Chargen, déi iwwer seng Funktioun als Präsident erausginn. E Kontrakt huet him dann eng 5.000 Euro wärend 7 Méint dofir zougestanen. Souwuel de fréiere Generalsekretär Félix Eischen, wéi och den André Martin Dias als Tresorier, déi de Kontrakt mat ënnerschriwwen hunn, hunn näischt dobäi fonnt. Et wier ee sech jo eens gewiescht am Virfeld.
Souwuel d’Stéphanie Weydert wéi och d'Elisabeth Margue, déi och als Member vum Conseil ugeklot sinn, soen, et wier zwar vun deem Kontrakt riets gewiescht am Conseil, dass e jeemools zustane komm wier, dovunner wéisste si awer näischt. De Frank Engel krut insgesamt ronn 40.000 Euro, déi hien zréckbezuelt huet, well hie seng Missioun net erfëllt huet, sou wéi dat och ofgemaach war. Et koum awer och zur Sprooch, dass de Frank Engel sech tatsächlech dorëms gekëmmert hätt, en Immeuble fir d'Partei ze sichen, wat him awer net gelonge war.
De Riichter huet dann och den André Martin Dias, d’Stéphanie Weyert, d'Elisabeth Margue an de Georges Pierret gefrot, wisou d’CSV-Memberen de Frank Engel dann denoncéiert hätten, wa si Bescheed woussten an et jo net illegal wier, wann eng Asbl e Chargé de mission hätt, deen och bezuelt gëtt. All hu si vun Drock geschwat, dee vun der Fraktioun gemaach ginn wier. Iwwer Appeller vun den CSV-Fraktiounspresidente Martine Hansen, Gilles Roth a Léon Gloden, déi erkläert hätten, wisou si besser ënnerschreiwe sollten.
Sätz wéi: "Ënnerschreif dat, da geschitt der näischt" si gefall. Si wieren urgent an d’Fraktioun geruff ginn an hätten emol keng Zäit gehat, den Avis ze liesen. Vum Avis ganz iwwerzeegt war eigentlech keen deen ënnerschriwwen huet. Nom Prozess huet de Frank Engel och nach eng Kéier betount, dass Leit an der CSV hien einfach wollte lassginn.
Am Fall vun de Soziallaaschten, déi fir de Frank Engel bezuelt gi sinn, huet keen dat direkt a Fro gestallt. De Georges Heirendt, den Tresorier, deen de Virement gemaach huet, huet sech net an der Positioun gesinn, fir déi Demande vum Parteipresident ze hannerfroen. Den André Martin Dias huet nodeems schonn en éischte Virement gemaach gi war, méi spéit en Zweete gemaach, ouni dat ze hannerfroen. Alles an allem handelt et sech hei em eng Zomm vu ronn 8.000 Euro. De Frank Engel hat dëst ugefrot, well hien als Parteipresident keen Akommes huet, an och soss kee politescht Mandat. Wéinst der Covidkris hat hien et och net esou séier wéi geplangt hikritt, erëm an der Privatwirtschaft Fouss ze faassen.