Den Dënschdeg de Moien geet de Prozess géint de fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel un.

Dem Frank Engel gëtt Bedruch, Vertrauensmëssbrauch, Blanchiment a Fälschung virgehäit. Haaptuleies vum Prozess ass eng Aarbechtssituatioun tëscht him an der Asbl CSV-Frëndeskrees. Nieft him sinn awer och nach sechs aktuell CSV-Memberen ugeklot.

Gouf et di beschriwwen Aarbechtssituatioun wierklech, oder war se nëmme fiktiv? Dat, fir datt dem Frank Engel, deemools Parteipresident, kéint e Salaire ausbezuelt ginn. Fir de Poste vum Parteipresident gëtt et nämlech keng finanziell Remuneratioun, de Frank Engel hat deen Ament awer och keen anert Akommes. Tëschent Juni an Dezember zejoert gouf dem Ex-EU-Deputéierten awer wärend aacht Méint e Salaire vun 6.000 Euro Brutto ausbezuelt. Am Echange soll hien d'Interesse vun der Asbl vertrieden, nei Membere sichen an den Iwwergang vun der Asbl an eng Fondatioun preparéieren.

Frank Engel a sechs CSV-Memberen viru Geriicht

Vun dësem Deal wousst awer anscheinend sou gutt wéi keen. Eréischt am Fréijoer 2021 goufen d'Fraktiounsmemberen an de Comité élargi dovunner gewuer. D'CSV huet doropshin eng juristesch Expertise gefrot, déi RTL och virläit. Aus dëser geet ervir, dat et sech ëm eng fiktiv Aarbecht gehandelt hätt, an esou also Verméige vun der ASBL ënnerschlo gi wier. De 16.  Mäerz hunn dofir eng Partie CSV-Deputéiert de Frank Engel beim Parquet denoncéiert - eng absolut Première bis elo zu Lëtzebuerg. Nëmmen dräi Deeg drop huet de Frank Engel als Parteipresident demissionéiert.

E Mount drop ass de Frank Engel dunn - no bal dräi Joerzéngten an der Partei - och komplett aus der CSV ausgetrueden. Et koum dunn och zu Perquisitiounen an der CSV-Parteizentral - u sech och en aussergewéinlecht Evenement.

Nëmmen en halleft Joer no der Denonciatioun kënnt et dës Woch ewell zum Prozess wéinst Abus de Confiance, Escroquerie a Blanchiment engersäits, a wéinst Recel - also Hielerei - anersäits. Hei geet et ëm d'Bezuele vun de soziale Laaschten aus der CSV-Parteikess.

Sechs CSV-Membere mat ugeklot

Viru Geriicht veräntwerte mussen sech elo nieft dem Frank Engel de fréiere CSV-Generalsekretär Félix Eischen an den André Martins, deen deen Ament Tresorier vun der Asbl war. Si hunn de Kontrakt mam Frank Engel mat ënnerschriwwen. Awer och d'CSV-Memberen Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert, deemools Vizepresidentinnen, souwéi de Georges Pierret an de Georges Heirendt sti wéinst Bedruch a Vertrauensmëssbrauch viru Geriicht.

D’Geld, dat dem Frank Engel ausbezuelt gi war, huet hien an Tëschenzäit zréckbezuelt. Dat, wëll et him net gelonge wier, säin Optrag ze erfëllen. Op eis Nofro hin, wollt hie virum Prozess nach näischt soen. Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler huet d’läscht Woch am RTL-Interview zum Thema gesot, hie géing keng Spekulatioune maachen, wat kéint erauskommen. D'Justiz géing hier Aarbecht maachen.

De Prozess ass op dräi Verhandlungsdeeg ugesat.