Affär CSV-Frëndeskrees - Et gëtt wuel keng intern Prozedure fir d'Depensen
De Frank Engel huet en Dënschdeg op en Neits nees betount, datt verschidde Leit an der Partei hien einfach wollte lass ginn.
Wéi sinn d'Prozedure wann eppes aus der Kees vun der Asbl Frëndeskrees bezuelt gëtt? Dat war eng vun de Froen, mat deene sech d'Riichter um 2. Prozessdag an der Affär Frëndeskrees beschäftegt hunn.
Den deemolege Parteipresident gouf jo vu verschiddene Parteimembere beim Parquet gemellt, wéi et schéngt op Drock vun der CSV-Fraktioun, wéi en Dënschdeg direkt um éischte Prozessdag ausgesot gouf. Ausgesot hunn ënner anerem zwee Beamten aus der Police judicaire, souwéi zwee Reviseurs de caisses.
De fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel krut wärend 7 Méint e Salaire ausbezuelt. Dëst wëll hien als Chargé de Mission fir d'Asbl ugestallt war. Doriwwer eraus goufe Soziallaaschte fir hie bezuelt. D'Hallschent vum Conseil d'Administration vun der Asbl wousst awer net iwwert dëse Kontrakt Bescheed. Ugangs dëst Joer gouf de Frank Engel vun Deputéierte beim Parquet wéinst enger presuméierter fiktiver Aarbechtssituatioun denoncéiert.
Wie wousst tatsächlech iwwert dat Aarbechtsverhältnis Bescheed, wien hätt misste Bescheed wëssen, a wien huet mussen de Virement vun de Soziallaaschten accordéieren? Dat huet d'Police judicaire versicht erauszefannen. Zwou Perquisitioune goufen an der Parteizentral an am Büro vum Frank Engel gemaach.
Béid Beamte vun der Police judicaire soen, datt fir si erauskomm ass, dat de Conseil decidéiert hat, datt de Frank Engel soll als Salarié mat engem CDD bei der Asbl agestallt ginn. Aus E-Mailen ass ervirgaangen, dass de Frank Engel bei den deemolegen Tresorieren Heirendt an duerno Martins ugefrot hat seng Securité sociale- an Telefonskäschte vun der Partei bezuelt ze kréien wat och gemaach gouf : am Ganze ronn 8500 Euro. Esou eng Depense war wuel net Usus, mä den deemolegen CSV-Keessereviseuren no, déi och gehéiert goufen, si se awer am Kader vum ganze Bilan guttgeheescht ginn.
Datt et awer zum Ofschloss vun engem Vertrag komm ass, doriwwer wousste just de Frank Engel an déi zwou Persounen, déi en ënnerschriwwen hu Bescheed. Preuven, datt de Frank Engel senger Aarbecht als Chargé de Mission nokomm ass ginn et nëmme wéineg, um Büro wier en awer all Dag gewiescht.
Datt just de Frank Engel an den Tresorier iwwert d'Ausbezuele vun de Soziallaaschte woussten, dat schéngt och kee wierklech z'iwwerraschen. Och an anere Fäll wieren esou Depensen am Commun accord gemaach ginn. Eng Prozedur géing et net ginn, wie misst informéiert ginn. Et géing e kollegialen Ëmgang ginn, sou d'Ausso vun engem CSV-Member vis-à-vis vun der PJ. Genausou soen d'Reviseure de caisses, datt hinnen d'Sozialkotistatioun fir de Frank Engel zwar opgefall war, den Tresorier hätt hinnen dat awer erkläert, an esou ass dat hinnen net aussergewéinlech virkomm.
Och de Paul Galles war um Mëttwoch als Zeie gehéiert ginn, wëll hien den deemolege Generalsekretär Félix Eischen wärend der Zäit, wou den Aarbechtsvertrag gelaf ass, als Interim ersat huet. Seng Aussoe konnten awer keng weider Kloerheeten an den Dossier bréngen.
En Donneschdeg geet de Prozess mat de Plaidoyere weider.