Woch vum 11.-17. OktoberCorona-Situatioun zitt nees lues a lues un

RTL Lëtzebuerg
Am Wocheréckbléck vun der Santé goufen et d'lescht Woch genee 786 Neiinfektiounen. Dat sinn der iwwer 100 méi, wéi d'Woch virdrun.

Ënnert de bal 800 Neiinfektioune läit den Inzidenztaux vun de Net-Geimpfte bei 222 op 100.000 Awunner, fir komplett geimpfte Leit läit deen Taux bei 66. Et ass nei, datt d’Santé dësen Taux vun den Neiinfizéierten op dës Manéier ugëtt an net méi an engem Prozentsaz, wéi soss.

An der Diddelenger Brill-Schoul gouf et iwwerdeem d’lescht Woch en Zenario 4 an enger Klass vum Cycle 1, wou 9 Kanner an eng Enseignante positiv getest goufen.

15 Patiente waren mat Corona an de Spideeler, 10 dovunner waren net geimpft. 4 Leit louchen op der Intensivstatioun, d’Hallschent war net geimpft. D’Situatioun an de Spideeler gëtt als stabel beschriwwen. D’Alters-Moyenne vun de Patiente geet vun 57 op 67 Joer erop.

D’lescht Woch sinn och nees zwou Persounen un de Suitte vum Covid verscheet.

Fir d’lescht Woch geet den Inzidenztaux vun 106 op 124 Fäll op 100.000 Awunner an d’Luucht. Déi gréissten Hausse gouf et an der Alterskategorie bis 14 Joer. Den effektive Reproduktiounstaux geet vun 1 op 1,22 och liicht erop.

D’Woch vum 11. Oktober waren eng 1.550 infizéiert Leit an der Isolatioun an eng 3.400 an der Quarantaine.

PDF: De Wocheréckbléck vum 11. bis 17. Oktober

Back to Top
CIM LOGO