Am Kader vun eiser Serie "Nuetsschicht" stelle mir Iech all Woch Portraite vu Mënsche vir, déi reegelméisseg op hirer Aarbecht Nuetsschichte maachen. Leit, ouni déi d'Beruffswelt hei am Land net funktionéiere géif.
Ma de Farid Assaba an de Franck Rivel sinn esou Leit. Déi zwee Männer maachen zanter enger Rei Joren Nuetsschichten a suergen dofir, datt d'Transportwueren och nuets hir Destinatiounen erreechen.
Si schaffen nämlech am Logistik-Haff CFL Multimodal bei der Zone industrielle zu Diddeleng. Ee Site esou grouss ewéi ronn 46 Fussballfelder. Ma hei gi Container-Zich gelueden an entlueden. An dat och matten an der Nuecht.
Serie Nuetsschicht (1) - Den Eric Phely mécht zanter 32 Joren Nuechten am CHL
Serie Nuetsschicht (2) - De Léon Jentgen schafft am Nuets-Foyer "Espoir" vun der Caritas
Serie Nuetsschicht (3) - De Romain Haas schéckt an der Nuecht Hëllef dohin, wou se gebraucht gëtt
Serie Nuetsschicht (4) - D'Karine Gabriele kontrolléiert nuets d'Keesen op der Aire de Berchem