"Schwätzt mat eis"

Jean-Marie Neuberg, Patron vun der Bäckerei Jos a Jean-Marie / © RTL-Archiv
Wat sinn d'Schwieregkeeten, déi d'Betriber hei am Land begéinen, wa se sech wëlle méi nohalteg opstellen? Mir hunn nogefrot.
A punkto Klimaschutz kënnt et net just op all Eenzelen un, also op Privatpersounen déi recycelen, sech méi nohalteg ernären an hir Mobilitéit iwwerdenken. Ma virun allem och d‘Entreprisë spillen e wichtege Rôle am Klimaschutz. Wat sinn d'Schwieregkeeten, déi d'Betriber hei am Land begéinen, wa se sech wëlle méi nohalteg opstellen? D'Annick Goerens huet beim Patron vun der Bäckerei „Jos & Jean-Marie“ nogefrot.
De Jean-Marie Neuberg setzt a sengem Betrib scho méi laang op Nohaltegkeet a Klimaschutz. Zum Beispill leie Solarpanneauen op den Diech vu senge Produktiounshalen. Donieft verschafft d'Entreprise schonn zanter 2007 Schockela vun FairTrade an et huet een elo och nach eng nei Kollaboratioun fir Kären-Ubau ouni Pestizide mam Naturpark.
„Wann ech elo kucken, eleng eise Kären-Ubau, dee mir mam Naturpark ugefaangen hunn dëst Joer, wou elo dat éischt Brout och wäert erauskommen, wou gekuckt gëtt, fir mat kenge Pestizide méi ze schaffen, a fir eng Fruchtfolleg ze hunn, fir dass eist Drénkwaasser do uewen am Norde geschützt gëtt. Do maache mer ganz vill."
Op der COP26 hunn dës Woch 32 Staaten eng Deklaratioun ënnerschriwwen, fir vun 2035 u keng Verbrennungsmotore méi zouzeloossen, bei nei immatrikuléierten Autoen – 1 vun de Signatairen ass de Grand-Duché. A genee do dréckt de Schong. Betriber froe sech no esou Annoncen natierlech, wéi dat soll goen? Aktuell huet d‘Bäckerei zum Beispill 14 Camionnetten.
"Wou mer eis ganz vill Gedanke maachen, wéi kënne mer dat deemnächst envisagéieren. Natierlech Camionnetten Batterie-gedriwwen [elektresch Camionetten n.d.l.r.]. Mee sinn dës Batterien haut scho sou performant? Well eis Camionnette sinn awer relativ chargéiert. An dann d‘Plaz, well mer brauchen jo da Bornen op eisem Site, well mir musse jo all Dag déi Camionnette voll gelueden hunn, wa mer moies erausfueren. Also musse mer kucken, wéi kréie mer de Stroum op eise Site. Eis Iewen genau dat selwecht, well den Ament hunn mer Masuttsiewen. Do wäerte mer deemnächst op Gas ëmstellen, wat schonn eng Ëmstellung ass, déi relativ kostspieleg ass. Eng Kéier op elektresch ëmzestellen, gesinn ech elo direkt och nach net, well elektresch ass elo keng Energie, wou mer déi richteg Back-Qualitéit kréien, déi mer brauchen. Déi Performance kënnt vläicht och eng Kéier. Mee wéi kréie mer och den Stroum nees op eise Site, wa mer héieren, dass mer elo scho Problemer hunn. Mir mussen och déi Äntwerte kréien op déi Froen, wéi kréie mer dat alles organiséiert. Do si jo Infrastrukturen déi feelen. an et ass dat, wat eis Gedanke mécht. Mir als Betriber wëlle jo Saache maachen, mee d‘Infrastrukturen, déi gesi mer nach net, an déi feelen eis an do muss d‘Regierung awer Virreider sinn.“
De Jean-Marie Neuberg ass zanter dëser Woch och den neie President vun der Federatioun vum Liewensmëttel-Handwierk. Dorënner falen nieft de Bäckeren, Patissieren an Traiteuren och Metzleren a Mëlleren. Fir vill Betriber sinn dës Ëmstellungen och extrem deier an et géing einfach un Informatioune feelen. Vill Decisioune géingen um Terrain einfach just fir vill Kapp-Gerësel suergen.
„Déi Vitess, déi elo op eng Kéier do virgeschloen gëtt, déi ass net ze realiséieren. Ech mengen dir musst dat jo och emol alles organiséieren, restrukturéieren a virun allem finanzéieren. An do gesi mir einfach e grousse Problem: d‘Schnellegkeet. Jidderee wëll eppes maachen, mee emol step by step. Mir mussen och nach dat Normaalt all Dag maachen.“
Besonnesch déi finanziell Belaaschtung kéint fir kleng- a mëttelgrouss Betriber schwiereg ginn, ma et stelle sech och nach aner Froen, erkläert de Jean-Marie Neuberg.
„Wat ech vill héieren, och vu méi eelere Patronen, déi sech natierlech elo d‘Fro stellen „ginn ech de Wee do iwwerhaapt nach mat mat mengem Betrib oder halen ech eng Kéier op?“ Ech mengen de Covid huet eis scho ganz vill Energie kascht a ville Secteuren. Dat hei kascht och nach eng Kéier vill Energie. An do si vill Leit déi da soen, dass et fir si elo den Zäitpunkt ass fir opzehalen.“
De Patron vum Betrib „Jos a Jean-Marie“ stéiert et dann och, dass de Grand-Duché ëmmer nach par Rapport zum Ausland zu den europäesche Mesurë wéilt eng Schëpp dropleeën.
„Wou mer einfach och herno net méi kompetitiv si géintiwwer vum Ausland, well dat alles kascht Geld, dat dierf een ni vergiessen. Wann déi Leit emol géinge virdrunner mat eis schwätzen, fir ze kucke wat ee ka maachen, da géing ee warscheinlech och Léisunge fannen. Mee einfach ëmmer Saachen dohinner geluecht ze kréien, dat maache mer elo a kee Mënsch weess wéi an och wa mir froen, wéi wëll dir dat elo ëmsetzen, dat do feelt eis. Da musse mer dann och eppes anescht amplaz hunn. Da kréien mer keng Pisten opgewisen. Dat ass de falsche Wee. Mir musse virdrunner Pisten opgewise kréien, net duerno.