"Punkt fir Punkt"Wat een iwwert d'Booster-Impfung wësse muss

Pierre Jans
Wéini kritt ee seng Invitatioun? Wou kann ee sech vaccinéiere loossen? A wéi een Impfstoff kënnt an den Asaz? E kuerzen Iwwerbléck iwwert d'"Boosteren".
Punkt fir Punkt: Booster-Impfung
Wéini kritt ee seng Invitatioun? Wou kann ee sech vaccinéiere loossen? A wéi een Impfstoff kënnt an den Asaz? E kuerzen Iwwerbléck iwwert d’"Boosteren”.

Och zu Lëtzebuerg soll jiddwereen eng Booster-Impfung offréiert kréien - dat hat d’Regierung jo d’lescht Woch annoncéiert. Jiddwereen iwwer 18 Joer soll eng Invitatioun kréien. Bis ewell hate just Leit iwwer 65 Joer a Personal aus dem Gesondheetssecteur eng drëtt Impfung ugebueden oder scho gesprëtzt kritt. Wéi leeft dat elo an der Praxis of? De Pierre Jans huet Äntwerten zesummegesicht.

Jiddwereen iwwer 18 kritt also deemnächst eng Invitatioun an d’Bréifkëscht?

Dat ass de Plang. Dës Kéier huet vum Oflaf hier awer sou munches changéiert par rapport zu der éischter Impf-Phas. Et ass jo elo mol genuch Vaccin do. Dat huet den Haut Commissaire à la protection nationale, de Luc Feller, e Méindeg de Moien op Nofro hi confirméiert. Enkpäss sinn net a Siicht, wann d’Produzenten de Liwwerplang anhalen.

A well bis elo genuch Dosisse fir d’Booster-Impfungen do sinn, huet d’Regierung decidéiert, keng richteg Prioriséierunge méi virzegesinn. Konditiounen sinn elo, dass ee volljäreg ass an dass déi zweet Impfung 6 Méint hier ass. Ausser beim Vaccin vun Johnson&Johnson, wou d’Impfung jo mat der éischter Dosis komplett war, ass ee schonn no engem Mount eligibel fir de Booster.

41.000 Invitatioune goungen dem Luc Feller no schonn eraus u Persounen, déi den Impfstoff vun Johnson&Johnson kruten. 18.700 hu sech scho “boosteren” gelooss.

A fir déi aner Persounen? Kënnen déi sech no 6 Méint da just mat oder och ouni Rendez-vous eng Booster-Impfung froen?

Effektiv kritt all Persoun eng Invitatioun heemgeschéckt. Spéitstens soll dee Bréif eng Woch nom Dag, wou déi zweet Impfung 6 Méint hier ass, an der Boîte sinn. Allerdéngs ass d’Invitatioun net méi onbedéngt als obligatoreschen Ticket ze gesinn. Et kann een och ouni Rendez-vous an en Impfzenter goen, allerdéngs gi Leit mat Rendez-vous virgeholl.

Wou kann ee sech dann impfe loossen?

Ouni Rendez-vous kann ee sech zum Beispill an der Groussgaass an der Stad “boosteren” loossen. Vun engem richtegen Impfzenter kann een u sech net schwätzen. Éischter vun engem Pop-Up- Buttek vläicht. D’Regierung hat hei wuel éischter d’Iddi, fir hei och Impfungen unzebidden, well ëmmer onmoosseg vill Leit an der Schlaang stinn, fir sech op Covid testen ze loossen, well se aus diverse Grënn nach net geimpft sinn. D’Hoffnung: wann d’Leit d’Flemm hunn, ëmmer an der Keelt laang an der Schlaang ze stoen, kritt ee se vläicht dovun iwwerzeegt, sech impfen ze loossen. Et geet och eng Infirmière bei d’Leit schwätzen. De Weekend iwwer hätt een op déi Manéier 17 Persounen dovun iwwerzeegt kritt, sech eng éischte Kéier picken ze loossen, sot den Haut Commissaire RTL géintiwwer.

Mä wien déi Reegel vun de 6 Méint erfëllt, ka sech och dohin “boosteren” goen loossen. Och ouni Rendez-vous. Dat gëllt och fir déi dräi Impfzenteren, déi nach opbleiwen: zu Esch, um Lampertsbierg an zu Ettelbréck. Och hei sinn Impfungen – besser mat - mä och ouni Rendez-vous méiglech.

Beim Dokter kann ee sech jo weiderhin impfe loossen?

Do ännert effektiv näischt. 295 Dokteren impfen hei am Land. Dovun 200 ganz reegelméisseg. Geschwë sollen iwwregens och Impfstatiounen an den grousse Shoppingzenteren installéiert ginn.

Prioriséiert Gruppe ginn et also keng méi? Och net ganz vulnerabel Persounen?Jein. Effektiv ginn déi net méi automatesch éischter invitéiert. De Conseil supérieur des maladies infectieuses huet d’Vulnerabilitéit net méi a verschidden Niveauen ënnerdeelt. Fir Leit mat Immunschwächt gëtt et awer eng Exceptioun bei der Reegel vun de 6 Méint.

Si kënnen hir Booster-Impfung schonn no 12 Woche kréien, wann den Dokter si esou deklaréiert. Am anere Fall kréien och déi immungeschwächt Leit hir Invitatioun normal an d’Bréifkëscht, soubal hir lescht Dosis 6 Méint hier ass.

Wéi eng Impfstoffer ginn dann als Booster gesprëtzt?

D’mRNA-Vaccinen. Dee vu Biontech/Pfizer a fir Leit iwwer 30 Joer och dee vu Moderna. Deen huet laut Statistik déi gréissten Effikassitéit.

Wéi ass et mat Leit, déi Covid haten a sech duerno bis elo just ee Mol impfe gelooss hunn? Am Ufank war jo gesot ginn, dass dat duer geet. Déi missten dann elo mol eng zweet kréien, an hätten dann deemno wéi am Ausland Problemer ouni eng drëtt?

Dat kann de Fall sinn. Den Haut Commissaire sot, si géifen un engem System schaffen, fir déi do méi rar Fäll. Ma well déi Méiglechkeet, also geheelt plus eng Impfung, eréischt zanter Enn Juni existéiert, hätt een nach e bëssen Zäit, sech eng afalen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO