D’Hexbrennen ass eng Traditioun, déi et a genau där Form just zu Sëll gëtt. Et geet drëms, d’Fuesent ze verbrennen an hir Äddi ze soen. Dat Ganzt geet zréck op d’1980er Joren.
“Deemols waren d’Sëller Jongen. Dat war de Veräin, deen huet do sou geheescht. Déi waren do op d’Iddi komm, fir déi Traditioun ‘bësse vu Réimech ofzekucken’”, erkläert de Laurent Rausch. De Stréimännche gëtt all Joer op Äschermëttwoch zu Réimech verbrannt.
De Grond, dass bei hinnen eng Hex aus Stréi verbrannt gëtt, erkläert de Laurent Rausch esou: “Et gëtt gemunkelt, si haten déi Zäit Sträit mat der Wiertsfra. An dat war dunn d’Hex aus dem Duerf. An do hu si dat ‘Hexbrennen’ genannt gehat.”
Jorelaang ass d’"Hexbrennen” vum Club des Jeunes organiséiert ginn, dëst Joer konnte si et net méi maachen, dofir huet een anere Sëller Veräin iwwerholl: “Mir haten dëst Joer d’Chance, fir dat ganzt weiderzeféieren - d’Hexbrennen an d’Buergbrennen. Aus dem einfache Grond, dass de Benevolat hautdesdaags net méi esou déck ass. An et si leider och verschidde Veräiner, déi dodrënner leiden”, erkläert de Laurent Rausch, President vum Veräin.
Eigentlech si si passionéiert vum Motorsport. Hei verbënnt si net d’Begeeschterung fir Autoen, mee d’Léift zum Heemechtsduerf. An esou konnte sech d’Leit aus dem Duerf an der Ëmgéigend och dëst Joer versammelen a fir deen Owend ee Moment zesumme verbréngen.