Am Waassergesetz sti keng Normen, déi sech speziell op Mikroplastik bezéien. Etuden hale fest, dass syntheetesch Sportsterrainen Faseren aus Plastik kënne verléieren, respektiv et geréit duerch de Verschläiss vun deenen Faseren Mikroplastik an d’Baachen, d’Loft oder an de Buedem, fir dann am d’Grondwaasser ze landen. D’Methoden, fir dee Mikroplastik ze moossen, si ganz verschidden an d’Resultater leien dofir wäit auserneen.
Zu Useldeng trainéieren déi Jonk an Zukunft trotzdeem op engem neien, syntheetesche Fussballsterrain. D’Gemeng huet sämtlech Autorisatioune kritt, fir dee fënnef Meter nieft d’Atert ze bauen. Trotz héijem Risk vun Héichwaasser an trotz der Gefor, dass wann d’Waasser zréckgeet, Mikroplastik vum Konscht-Wuess, an d’Baach gespullt gëtt.
D’Anne-Marie Reckinger, Directrice adjointe am Waasserwirtschaftsamt bedauert dës Lacunnen an den Texter, präziséiert awer, dass si duerch hir Oplagen d’Waasserqualitéit awer schütze kënnen.
Zu Lëtzebuerg gëtt op ronn 80 Plaze Fussball op Konscht-Wuess gespillt. Dës syntheetesch Terrainen sinn extrem beléift, well se méi wiederbestänneg an op den éischte Bléck och manner kriddeleg sinn, wéi richtege Wues.
Fuerscher vun der Uni Osnabrück hunn, zesumme mam Bundesinstitut für Sportwissenschaft, eegen Date gesammelt a publizéieren 2023 dës Conclusioun: eleng duerch d’Lassgoe vu Faseren an duerch hire Verschläiss géinge pro Joer a pro Fussballsterrain 10 bis 90 Kilo Mikroplastik an d’Ëmwelt geroden. D’Uni vu Barcelona huet am Mier Prouwe geholl a festgestallt, dass 15% vu de méi laange Plastiks-Stecker, effektiv Fasere vu Konscht-Wuess sinn. An der EU géifen all Joer bis zu 1.400 syntheetesch Sportsterrainen gebaut ginn.
De Buergermeeschter muss sech un d’Conditiounen an der Autorisatioun halen, an déi operluechte Qualitéit kafen. De Rescht läit bei den Ingenieuren an dem Know How vun der Entreprise déi den Terrain zu Useldeng opriicht an den Entretien mech. Hei am Land gëtt op ronn 80 därer Terrainen Fussball gespillt, rechent d’FLF.
Um Enn dann nach dat hei: och en natierleche Fussballsterrain ass, duerch Düngung a soss Traitementer, net neutral a sengem Impakt op d’Natur. Vun 2031 un gëllt en europäesche Verbuet just fir Terraine mat Granuléën.
