Jonker, déi op der Sich no enger Aarbecht, enger Formatioun oder engem Stage si konnten e Mëttwoch am Shopping Center um Belval op 50 Stänn Informatioune sammelen. Schonn am 10. Joer organiséiert den SNJ d’Foire “Deng Zukunft – Däi Wee” – e Pendant zu der Studentefoire an e Rendez-vous, dee sech dem Organisateur no mëttlerweil etabléiert huet.
Jonk, op der Sich no engem Stage oder éischte Beruffserfarungen – deem Profil entsprécht och d’Olivia Meudje, déi haut de Wee op Esch-Belval fonnt huet.
Déi 22 Joer al Fra huet zwar en Diplom am Beräich Verwaltung a Commerce, ma zu Lëtzebuerg eng Aarbecht fanne wier bis elo schwéier gewiescht: “J’ai l’impression de tout le temps postuler et après j’ai pas de retour des employeurs. Et des fois c’est un peu fatigant parce que tu perds confiance en toi, tu t’es dit t’es pas, t’as pas le niveau, t’as pas les compétences. Mais je garde quand même espoir de trouver un travail parce que j’ai pas le choix et il me faut bien vivre et avoir une maison.”
Hir Erfarung op der Foire vum SNJ wier positiv gewiescht, sou d’Fra weider. Si hätt sech iwwer weider Formatiounen informéiert, ënnert anerem an der Comptabilitéit:“Il y a une entreprise qui m’a parlé par rapport à emmonter mon diplôme, parce que j’ai un diplôme technicien, que je pouvais suivre certains cours et après pouvoir m’instruire directement à l’université avec la formation qu’ils m’offrent.”
D’Foire kéim gutt un – dee Bilan zitt d’Directrice adjointe vum SNJ Nathalie Schirtz. Et géing een d’Visiteuren all Joer fir Feedback froen.
“Heiansdo erwaarde sech d’Leit, et wär e bësse méi wéi en Jobdag – dat ass et net. Wann och emol vläicht en Job dobäi erausspréngt, dat ka sinn. Mee et geet wierklech ëm Informatioun. An ech mengen dat ass dat, wat et och e bëssen eenzegaarteg mécht. D’Exposante befroe mer och all Joer. An ech mengen eleng schonn doduercher, dass se all Joer ëmmer gären erëmkommen, mengen ech, ass e gutt Zeechen an da si mer ganz zefridden”, sou d’Nathalie Schirtz.
Ënnert anerem d’Arméi an d’ADEM wieren all Joer dobäi an dëst Joer hätt de Gesondheetsministère och eng méi grouss Campagne, fir d’Gesondheetsberuffer besser kennen ze promouvéieren.