Vill Emotioune goufen et bei de Leit um Mëttwoch den Owend op der Biergerversammlung iwwert d'Sécherheet am Garer Quartier. Knapp 350 Leit waren ugemellt.

Ras-le-bol op der Stater Gare - Reportage vum Annick Goerens

Plaz wier fir 450 Persoune gewiescht. Ugefaangen huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer mat enger Entschëllegung un d'Bierger, dass d'Verdeele vun den Invitatioune schifgaangen ass. Sou hätten eng Partie Stéit keng Aluedung kritt.

D'Situatioun am Garer Quartier wier inakzeptabel, sou d'Lydie Polfer weider. Zesumme mat de Bierger wéilt si eng Léisung fannen. De gréisste Problem wier den Drogeverkaf an den Drogekonsum am Quartier. Och d'Offäll, déi doduerch an de Stroossen zeréckbleiwen an d'Persounen, déi d'Hausdiere blockéieren, géifen d'Bierger stéieren.

Nei präventiv a repressiv Mesurë vun der Police

Dofir kritt d'Police elo nei Moyene fir ze intervenéieren, wann Sans-abrie virun den Hausdiere leien. D'Sans-abrie géingen d'Fräiheet vun den Awunner domat aschränken, sou de Policeminister. Et wier awer e Mënscherecht, Accès zu senger Hausdier ze hunn. Dofir huet d'Police elo d'Recht d'Hausdieren ze raumen, wann dës vu Persoune blockéiert ginn.

Des Weidere leeft an der Stad elo eng Etüd iwwert d'Kameraiwwerwaachung. Et gëtt iwwerpréift, op Kamerae musse bäikommen an ob se op där Plaz, wou se hänken, déi néideg Effikassitéit hunn. D'Etüd soll Enn dës Joers respektiv am Januar 2022 ofgeschloss sinn. De Policeminister betount awer, dass Kameraen zwar bei der Opklärung vu Virfäll hëllefen, se wieren awer net d'Léisung fir méi Sécherheet. Kamerae wiere schonn zënter Joren installéiert an hätten d'Situatioun am Garer Quartier net verbessert.

Betount gouf och ëmmer rëm, dass d'Police hir Aarbecht mécht. Ronn 700 Kontrolle géing een all Mount am Garer Quartier maachen. Dobäi komme 560 Persounekontrollen, sou de Bilan fir d'Joren 2020 an 2021. Des Weideren hätt d'Police an de leschten zwee Méint ronn 700 Stonne reng Presenz am Quartier gewisen, well dëst vun den Awunner gefuerdert gouf. Annoncéiert goufen och Kierperkamerae fir Policebeamten an Hondsstaffelen.

Vill Emotiounen an Opreegung bei den Awunner

Awunner a Geschäftsleit hunn d'Wuert ergraff. De Problem op der Gare wier reell. D'Onsécherheet wier grouss, d'Leit hunn Angscht ëm hir Kanner a géife sech onwuel fillen. Et wéilt een d'Polizisten net spadséiere gesinn, mä agéieren. Och d'Horairë vun de Policebüroen op der Gare goufe kritiséiert. Et kéint net sinn, dass een telefonesch e Rendez-vous huele muss, fir e Virfall ze mellen.

Weider Statements waren:

"Pour vous illustrer ce qui se passe: il y a quelques mois, les pompiers ont déménagé de caserne. Mon épouse s'est mise au coin de la rue de Hollerich pour voir le défilé. 2 voitures se sont arrêtées et ont baissé la vitre pour demander combien elle prenait. C'est ça le quotidien de la gare."

"Dat wat hei net gesot gëtt, ass dass Prostitutioun an Drogekonsum ni wäerten ausgerott ginn. E Plazverweis féiert nëmmen dozou, dass d'Problemer an een anere Quartier ginn. An ech mengen dann soll een éierlech sinn a soen, "mir wëllen net, dass Drogen a Prostitutioun an een anere Quartier ginn. Dir hätt gären, dass Drogen a Prostitutioun op der Gare bleiwen."

"An anere Groussstied wou ech mol war, do hunn ech d'Police dauernd gesinn, Mëttes, Moies, Owes an dat war iergendwéi normal. An hei ass et ëmmer "ah hei do ass een, wéi flott, do gi se mol nees eng Kéier". Si musse permanent goen, dorëmmer duerch d'Stroossen, well soss ass dat mat der Visibilitéit näischt. Da klappt dat net, deet mer leed."

Nieft Temoignagen iwwert den Alldag op der Gare koum vun engem Bierger eng kloer Fuerderung: Et muss rëm eng Sécherheetsfirma agestallt ginn. Dës Fuerderung hunn och eng Partie Bierger géigeniwwer den RTL-Journalisten op der Plaz geäussert.

Et héiert een, dass d'Accusatiounen a ganz verschidde Richtunge ginn, mä virun allem waren d'Leit frustréiert a genervt. Genervt "alle Jahre wieder" op déi nämmlecht Biergerversammlungen ze goen, "alle Jahre wieder" der Politik, déi nämmlecht Doleancë virzedroen an awer géing näischt geschéien.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer: "Mir héieren dat zanter enger ganzer Rei Joren a mir hunn dat versicht vun ons, a wann ech soen "ons" da mengen ech d'Stad Lëtzebuerg wat ons Kompetenze sinn, hu mer alt versicht ze maachen, wat mer konnten. Dir kennt et, mir hu versicht eben eng sozial Presenz opzebauen, duerch déi Street-Workeren, déi mer hunn. Mir hunn de neie Projet vun "A Vos Côtés" an d'Liewe geruff fir bei de Leit ze sinn."

Och de Policeminister Henri Kox huet erkläert, dass et verpasst gouf déi lescht 10-15 Joer an d'Moyene vun der Police z'investéieren. Dofir géing aktuell de Rekrutement massiv promouvéiert ginn.

Policeminister Henri Kox: "Mea culpa. Ech kréien dat net an 2 Joer opgefaangen. Wat ech awer ka maachen: de massive Rekrutement, dee mer amgaange sinn, dass mer dat zum Erfolleg bréngen. Dat sinn mer jo och amgaangen ze maachen."

Et wier awer net just eng Fro vu Police-Presenz.

Henri Kox: "A wa mer déi sozial Problemer hei ukucken. Dorëms ka sech net just d'Police bekëmmeren. Dat ass awer iwwer Joerzéngten och gewuess. Dat wëll ech hei awer och mol nach eng Kéier soen. Nach eng Kéier: et ass keng Scholdzouweisung, et ass e Constat, deen ech maachen. An ech iwwerhuelen och déi verdammte Flicht, do eppes ze maachen."

Och de Parquet konnt op Reprochë reagéieren, dass een net genuch géing poursuivéieren. D'Procureur général d'Etat Martine Solovieff huet mat Zuelen däitlech gemaach, dass och um Parquet geschafft gëtt. De Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg Georges Oswald huet awer och e Wuert un d'Politik geriicht.

Procureur Georges Oswald: "D'Politiker déi hei sëtzen. Och do an der éischter Rei. D'Police soll elo innerhalb vun 3-4 Joer souvill Personal bäikréien, datt se no 5 Joer ee Véierel méi staark ass en personel wei haut. Dann dierf een awer net vergiessen: net nëmmen de Parquet, mä all déi Instanzen an der Justice ëm déi selwecht Proportiounen ze verstäerken, well soss schafft d'Police jo fir näischt."