De Roy Reding huet an der Chamber och op d'Reprochë géint hien an op seng Aussoen op de soziale Medie reagéiert.

Hie géif d'Empörung verstoen. Et wär awer kee Post vun Zynismus gewiescht, seet den ADR-Deputéierten, mä e Post vun Empathie. Hie wier schier verzweiwelt gewiescht, wéi vill aner Leit och, datt een als Net-Geimpfte vum soziale Liewen ausgeschloss gëtt. An datt een, fir schaffen ze goen, geschwë misst e puer honnert Euro de Mount ausginn.

Hien hält u sengem Opruff zum Streik a Widderstand fest. Leit géife keen aneren Auswee gesi wéi sech unzestiechen, amplaz sech net fräiwëlleg impfen ze loossen.

Extrait Roy Reding

Den ADR-Deputéierte Roy Reding hat op sozialen Netzwierker geschriwwen: "Ech fueren elo a Südafrika a bréngen doucen Omikron mat. Gratis. A fir de Rescht sinn ech am Streik!!!!"

Vun engem Récktrëtt als Deputéierte wëll hien näischt héieren. Hie géif deene Leit eng Stëmm ginn, op déi net méi gelauschtert géif ginn. Hie géif net fir Haass, Hetz a Spaltung stoen, mä fir Fräiheet a Mateneen an dem Respekt virun all Mënsch sengem fräie Choix.

Datt hien an engem Telegram-Grupp d'Handysnummer vun engem Tageblatt-Journalist gedeelt huet, wär net express geschitt. Do wär him e Feeler geschitt.