E Mëttwoch 17. Dezember ass den éischte Rendez-vous mat der CNS, fir iwwer déi nei Konventioun ze verhandelen.

Allerdéngs ass dee selwechten Dag och d'Assemblée Générale vun der AMMD. Et kéint sech hei ëm ee Malentendu handelen, seet den AMMD-President Dr Chris Roller am RTL-Interview. "Mee, wann d'Ministesch seet an engem Zeitungsinterview e Freideg de Moien, dass si da mol kuckt, ween deen Dag kënnt, fannen ech dat e bësse méi komesch."
 
Do kéint ee schonn op de Gedanke kommen, datt e politescht Spill hannendru wier, fir d'Dokteren ze splécken, gëtt den Dr Roller ze bedenken. "An dat ass fir eis inakzeptabel!"
 
Konkurrenz um Verhandlungsdësch?
 
Deemno wéi, kéinte sech de 17. Dezember nämlech och aner Dokteschvertrieder wéi déi vun der AMMD mat der CNS un de Verhandlungsdësch sëtzen. Wéi an engem Artikel vum Land vum 21.11 ze liesen ass, wéilt de Syndikat vun de Médecins Salariés Hospitaliers (MSH) den 1. Dezember an enger AG extraordinaire hir Statutte reforméieren an deemno net méi just salariéiert Spidolsdoktere representéieren, mee sech opmaache fir all d'Dokteren, déi eng Aktivitéit am Spidol hunn.  
 
"Wat jo och hiert gutt Recht ass. Mir hunn eng Demokratie, do huet jiddereen eng Liberté d'Association. Mee dat ass lo dann d'Fro, ob déi eventuell och wëlle mat negociéieren an der zukünfteger Konventioun", erkläert de President vun der Dokteschassociatioun.
 
Sollte bei de Statutten Ännerunge virgeholl ginn, géif d'Syndikat MSH potentiell eng Ulafplaz fir iwwer 1.000 Dokteren aus dem Spidolssecteur ginn... an der AMMD mat hiren iwwer 1.000 Memberen als representativ Gewerkschaft Konkurrenz maachen.  
 
D'Conseils médicaux vun de véier Akut-Spideeler a vu véier anere Spidolstrukturen hate sech jo rezent scho besuergt gewisen iwwer d'Revendikatioune vun der AMMD en vue vun enger neier Konventioun.

"Laut Gesetz ass et d'association la plus représentative, déi am Code de la Sécurité sociale dra steet. Wat d'CNS elo mécht? Ech weess net, ob elo all Mënsch kann dohinner kommen oder wéi se dat verstinn. Dat ass dann à voir."
 
Op eng schrëftlech Demande vun der AMMD, fir den Datum vum 1. Verhandlungsrendez-vous fir d'Konventioun ze verleeën, äntwert d'CNS, dat wär net méiglech a bezitt sech op en Artikel aus dem Code de la sécurité sociale.
 
Den Echange mat de Conseils médicaux wär do
 
Et géif kee groussen Dialog tëscht de Conseils médicaux vun de Spideeler an der AMMD ginn, hat jo den Dr Cyril Thix, President vum Conseil médical vun HRS, den 17. November am RTL-Interview bedauert.
 
D'AMMD hätt d'Conseils médicaux, also d'Vertrieder vun de Spidolsdokteren, Enn Oktober an enger relativ laanger Reunioun gesinn, wou all d'Froen hätte kënne gestallt ginn, ënnersträicht iwwerdeems den AMMD-President. "A mir hunn hinnen déi Äntwerten och geliwwert."
Et hätt een duerno souguer positiv Réckmeldung vu vereenzelte Representante kritt. "Dofir fannen ech et et elo e bësse schued, wann ee behaapt, et wär keng Kommunikatioun do". D'Revendicatioune vun der AMMD en vue vun enger neier Konventioun hätt een och nach emol mat de Conseils médicaux beschwat.
 
AMMD begréisst datt "endlech" eng Ouverture kënnt
 
Kleng Agrëffer, déi an de Spidolsantenne méiglech sinn, solle spéider och an de Privat-Cabinete kënne gemaach ginn. Dat huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez leschten Donneschdeg an der Chamber an Aussiicht gestallt. Bis d'nächst Joer wëll si en entspriechende Katalog opstellen. De Finanzement vun dësen Agrëffer soll dee selwechte si wéi fir d'Spideeler. De Patient misst och net méi bezuele wéi am Spidol. 
 
Dringend néideg Aussoe vun der CSV-Politikerin, déi sech elo duerch den internen an externen Drock endlech beweege géif, esou d'Aschätzung vum Dr Roller. "Mir begréissen dat, datt endlech eng Ouverture kënnt. A mir verlaange jo näischt Onméigleches. Mir verlaangen dat, wat d'Politik am Walkampf an am Koalitiounsaccord versprach huet."
 
Wann d'Personal sollt wéi am Spidol remuneréiert ginn, misst awer och driwwer diskutéiert ginn, datt déi reell Fraisen, déi d'Dokteren am ambulante Secteuren hätten, misste matfinanzéiert ginn. Gemengt sinn hei Personalkäschten, Locatiounskäschten an d'Material. "An et wäert trotzdeem esou sinn, datt ganz vill Akte vill méi bëlleg wäerten a klenge Cabinete kënne gemaach ginn, wéi an engem groussen anonymme Spidol."
 
Dës Doktere géifen awer och weiderhin un d'Spideeler gebonne bleiwen, well verschidden Aktivitéiten ebe just a Spideeler kéinte gemaach ginn, ënnersträicht den AMMD-President.
 
"Am Interêt vum Patient d'Medezin anescht opzestellen"
 
D'Waardezäite misste verkierzt ginn. Déi "Schön-Wetter-Medezin" aus de Spideeler eraus. Et wiere kleng Akten ouni grouss Risiken, fir déi d'Patienten haut deelweis ganz laang waarde missten – "vill méi laang wéi am Ausland – dat musse mer kënnen ambulant bei den Dokteren an de Cabinete kënne maachen."
 
Et kéint och net sinn, datt e Spidol sech just iwwer "Schön-Wetter-Medezin" géif finanzéieren. Spidolsmedezin wär Medezin, déi wéi den Numm et géif soen, am Spidol misst gemaach ginn, fënnt den AMMD-Vertrieder, an zielt ënner anerem Reanimatioun, Accidenter, den Hiereschlag oder den Häerzinfarkt op. "Dat sinn alles Saachen, déi weiderhin am Spidol musse gemaach ginn. A par contre musse se awer och richteg remuneréiert a revaloriséiert ginn, fir datt net déi kleng Saache sollen dat Anert matfinanzéieren."