De Premier bléckt am Interview op dat vergaangent Joer zeréck a gëtt en Ausbléck op déi wichteg Theme vum neie Joer.

Neijoerschinterview Xavier Bettel / Rep. Dany Rasqué

De Staatsminister Xavier Bettel fënnt am RTL-Interview op Neijoerschdag ganz däitlech Wierder fir Aussoe vu verschiddenen Impfgéigner a wiert sech vehement dogéint, datt d'Verbriechen an de Mord u 6 Millioune Judde mat der aktueller Covid-Situatioun verglach gëtt.

Manifestéieren ass e Recht, betount de Xavier Bettel, mä wat de 4. Dezember an der Stad geschitt ass, wier fir hien inakzeptabel. Net, well d'Leit och viru sengem Privathaus gestanen hätten, mä well zu Gewalt an Haass opgeruff gi wier.

D'Manifestatiounen de leschte Mount hätte gewisen, datt et och eng rietsradikal Zeen zu Lëtzebuerg gëtt. Déi Leit, déi d'Police festgeholl hätt, kéimen net aus dem Ausland, mä et wiere Leit vun hei.

Genee wéi d'Justizministesch Sam Tanson huet och de Premier juristesch Schrëtt géint ee vun de Gesiichter vun der Protestbeweegung géint d'Covidmesuren annoncéiert. De Jean-Marie Jacoby hat jo op Chrëschtdag getwittert, 1947 wieren d'Sam Tanson an de Xavier Bettel zu Nürnberg zum Doud duerch de Stréck verurteelt ginn. En Opruff zur Gewalt, deen also nach en Nospill kritt.

Menacen, Frechheeten a Beleidegunge si fir de Staatsminister näischt Aussergewéinleches méi. Hie wier all Dag mat esou Situatioune konfrontéiert, hie wier awer net bereet, ze couchen oder kleng bäi ze ginn. D'Mesurë géifen net wéinst Menacen zeréckgezu ginn. Hien hätt eng Verantwortung fir e ganzt Land a géif déi seriö huelen.

"Et gi just gemeinsam Äntwerten op gemeinsam Problemer", esou de Premier, deen dovunner iwwerzeegt ass, datt mer ni aus dëser Situatioun erauskommen, wa jidderee seng eegen Zëppche kacht.

RTL

© RTL

De 5. Januar iwwerhuelen déi dräi designéiert Ministere Yuriko Backes, Claude Hagen a Georges Engel offiziell hir Responsabilitéit an der Regierung an dono decidéiert dës, ob och zu Lëtzebuerg eng Impfflicht agefouert gëtt. Eng Decisioun, déi ëm den hallwe Januar fält. De Premier hat jo och d'lescht Woch an engem Bréif d'Chamber gefrot, fir eng Consultatiounsdebatt Ufank Januar ze organiséieren.

De Xavier Bettel seet, hie perséinlech hätt laang gezéckt, wéilt awer net deejéinege sinn, dee bremst. Wann d'Regierung sech fir eng Impfflicht decidéiert, ass hie selwer net dofir, fir mam Gesondheetspersonal unzefänken, mä mat deene Vulnerabelen an dann, no an no, am Alter erofzegoen. Wéi wäit? Dat ass eng vu ville Froen, déi nach ze kläre bleiwen.

Am RTL-Neijoerschinterview goung et och ëm d'Plagiatsaffär. Wéini d'Uni Nanzeg géif kommunizéieren, wéisst hien net. De Premier ënnersträicht awer nach emol, datt hien zu kengem Ablack säi Professer hätt wëllen täuschen. Hien appelléiert un d'Leit, net de Student Bettel vun deemools ze jugéieren, mä de Premier Bettel fir déi Aarbecht, déi hien haut mécht.

RTL

© RTL

Wat déi eege politesch Zukunft ugeet, verséchert hien, datt hie senger Partei nach emol als Spëtzekandidat géif zur Verfügung stoen. Hie wier voller Energie, och wann déi lescht Wochen a Méint net einfach gewiescht wieren. Seng Aarbecht géif him nach ëmmer Freed maachen.

Op RTL Play fannt Dir de Replay och a Gebäerdesprooch.

Och d'Groussherzoglech Koppel wënscht alles Guddes am neie Joer 2022.