OECDMultinational Entreprisë sollen iwwerall op der Welt e faire Steiersaz bezuelen

Serge Pauly
Wéi sollen déi international Steierreegelen ausgesinn a wat sinn hei d'Auswierkungen op d'Betriber?
OECD Steierreform
Grouss multinational Entreprisë sollen iwwerall op der Welt e faire Steiersaz bezuelen

En Dënschdeg war déi éischt Ried vum Yuriko Backes als Finanzministesch. Dëst am Kader vun enger Konferenz fir iwwer déi nächst Schrëtt vun enger internationaler Steierreform ze diskutéieren. Zil ass e länneriwwergräifende Mindeststeiersaz fir Betriber.

Steierreform OECD / Reportage Sabrina Backes

D’Steierreform vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, kuerz OECD, besteet aus zwee Pilieren. Engersäits geet et drëms, dass grouss Entreprisë mat engem Ëmsaz vun iwwer 20 Milliarden Euro am Joer sollen e Véierel vun hirem Joresgewënn un de Marché vun deem Land ofginn, wou se och geschäftlech täteg sinn. Anerersäits soll e weltwäite Mindeststeiersaz vu 15 Prozent festgesat ginn. Dëst soll verhënneren, dass Entreprisen kënne profitéiere vu Systemer, wou de Steiersaz bäi 0% läit. Heivunner géing och Lëtzebuerg profitéieren, wéi den Direkter vum “Centre de politique et d’administration fiscales vun der OECD” Pascal Saint-Amans erkläert:

Mais ce qui est vraiment l’enjeu c’est le fait que les économies vont pouvoir se faire de la concurrence sur l’offre de la sécurité juridique, sur la qualité des travailleurs, sur le positionnement de leur place financière plutôt que sur essayer de faire le moins disant fiscal. Et le Luxembourg a de nombreux arguments en faveur d’un investissement qui ne sont pasfiscaux. Et donc en fait en mettant un plancher à 15% on favorise les pays qui taxent, comme le Luxembourg.

Et wier eng gutt Méiglechkeet, fir klengen Ekonomië wéi Lëtzebuerg méi Gewiicht ze ginn a villäicht och erëm e méi positiven Image. Lëtzebuerg wier net ëmmer e Musterschüler gewiescht. D’Opklärung vu Finanzskandaler wieren dofir wichteg, weess de Pascal Saint-Amans:

Le Luxembourg a encore une image qui est négative à cause de cette histoire. Mais l’histoire elle a changé. Le Luxembourg depuis huit ans maintenant a décidé de changer radicalement son approche. La fin du secret bancaire, vous vous souvenez peut-être. C’était le sujet très fort qui provoquait beaucoup d’émotions et beaucoup de colère chez certains. Mais la place financière n’a pas disparu, elle s’est renforcée.

De Pascal Saint-Amans betount hei nach, dass d’Regierung ënner dem Premier Xavier Bettel hei gutt reagéiert hätt an entspriechend Regulatiounen agefouert hätt. Wat d’Betriber ugeet, misst een nach kucken, wéi sech d’Steierreform auswierkt.

D’Betriber hätte lo nach bëssen Zäit, fir sech dorunner unzepassen. Wéi eng Auswierkungen esou eng Upassung op si wäert hunn, ass nach net gewosst. Et wier awer gutt, datt verschidde Prozesser géingen iwwerduecht ginn, dat seet den Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises Jean-Paul Olinger.

D’Steieren, déi si festgeluecht ginn an deene jeeweilege Länner. Hei gëtt lo probéiert, en neie Level Playing Field opsetzen, nämlech datt d’Steieren an deene verschiddene Länner méi harmoniséiert ginn. Fréier hunn déi eenzel Länner méi op hir Souveränitéit gekuckt, haut kucke se méi op eng Harmoniséierung, d’Betriber bezuele Stéiere jee nodeems, wéi vill Benefice se maachen an da si Steiere sécherlech och gerecht.

Et géing een alles maachen, fir de Fuerderunge vun der OECD séier nozekommen, sou nach d’Yuriko Backes wärend der Konferenz. En direkten Interview mat der Finanzministesch no der Pressekonferenz gouf op RTL-Nofro awer refuséiert.

© Didier Weber

Offiziellt Schreiwes

First meeting between Yuriko Backes and Pascal Saint-Amans of the OECD (11.01.2022)
Released by : Ministry of Finance

On 11 January 2022, Yuriko Backes, newly appointed Minister of Finance, met with Pascal Saint-Amans, Director of the Centre for Tax Policy and Administration of the Organisation for Economic Co-operation and Development (OECD) to discuss the current state-of-play of the international tax reform and next steps in its implementation. In October 2021, 137 countries and jurisdictions agreed to the plan to reform international tax rules with a two-pillar model and a global minimum tax rate of 15%.

Yuriko Backes said: “I am glad to have had this first fruitful exchange with Pascal Saint-Amans here in Luxembourg. We remain fully committed to the efforts of the OECD towards a fairer taxation of companies at the global level. Together with the EU as well as the OECD, Luxembourg will strive for a swift implementation of the global tax reform.”

Pascal Saint-Amans said: “I am very happy I met Yuriko Backes, whom I wish all the best in her new role as Finance Minister. Luxembourg has been very constructive in its engagement on tax with the OECD and actively supported the international tax deal concluded recently. I very much look forward to continuing to work with Luxembourg as we move towards implementation.”

Both Yuriko Backes and Pascal Saint-Amans took part in the conference “The new international tax framework and its impact on the Luxembourg tax policy” in the Chamber of Commerce organised by the Union des entreprises luxembourgeoises (UEL). In her opening speech, Minister Backes underlined that the OECD tax reform provides a coherent and standardized set of rules in which a healthy global tax competition can take place, thus ensuring a level playing field that is in the interest of open economies such as Luxembourg. Minister Backes highlighted “Global tax rules will help put the spotlight on Luxembourg’s many advantages. As a stable, triple-A rated country with an open and diversified economy, Luxembourg has all the assets to stay attractive and competitive in the years ahead.”

Back to Top
CIM LOGO